Reskilling Luxembourg

Den 10te Juni 2020 huet McKinsey zesumme mat Google een Diskussiounspabeier publizéiert mam Titel “The future of work in Europe”, deen op Basis vun den NUTS-3 Regiounen den Aarbechtsmaart analyséiert. Fir Lëtzebuerg goufen 13,7% neien Emploi tëscht 2018 an 2030 virausgesot.

An dësem Dokument maachen d’Auteuren e puer Constaten:
• “Beyond COVID-19, automation, migration, and shrinking labor supply are shifting the geography of employment.”
• “Job growth in all regions has been stronger in occupations requiring a higher level of skills”
• “As Europe ages, mobility has become the primary driver of growth in the working-age population in most clusters.”
• “There is a large overlap between jobs at risk due to COVID-19 in the short term and jobs displaced by automation in the longer term.”
• “The strongest job growth is projected in professional, scientific, and technical services as well as human health and social work, while the biggest decline could occur in manufacturing.”

All dës Constaten hunn eppes gemeinsam an zwar, datt d’Majoritéit vun den neien Jobs wäerten a Beräicher entstoen, an deenen d’Leit eng méi héich Ausbildung brauchen an, datt duerch d’Automatisatioun och Aarbechtsplatze wäerte verluer goen, wou ee manner formal Bildung brauch.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Pläng huet d’Regierung fir dësem groussen Challenge u “Reskilling” entgéint ze trieden?

  2. Wéi plangt d’Regierung d’Employéeën, deenen hirt Bildungsprofil net op déi nei Opportunitéite passt, op dës Ännerungen ze preparéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2695

Zesummenhang posts

D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier
D’Situatioun an den USA weist elo schonns alarméierend Entwécklungen am Beräich vun der Wëssenschaft. Wéi aus dem Artikel “Wie Trump den Wissenschaftsstandort USA in