Remboursement CNS – Statistiken

Am Moment huet een 2 Joer Zäit, fir seng bezuelten Dokteschrechnunge bei der CNS anzeschécken. Elo kann et eemol sinn, dass eng Rechnung verluer geet, oder dass een einfach gesondheetlech net méi esou fit ass (beispillsweis opgrond vu Krankheete wéi Demenz oder Alzheimer) oder seng Saachen heiansdo vertässelt. Virun allem bei Persounen, déi een Tuteur brauchen, kann et virkommen, dass dësen net ageschéckte Rechnunge fënnt an d’Sue laut aktuellem Gesetz verluer sinn. A senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro an dësem Kontext huet den deemolegen Här Minister eis ënnert anerem och erkläert, dass dëse Fall, vun engem ofgelafenem Delai, op 2-3 Rechnunge pro Mount zoutrëfft. Et ass also esou, dass eng grouss Majoritéit vun de Rechnungen, déi bei der CNS antreffen, e relativ kuerzen Delai tëschent Ausstellungsdatum an Areeche vun der Rechung opweisen. De genauen Detail bleift awer ze klären. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat ass den duerchschnëttlechen Delai tëschent dem Ausstellungsdatum vun der Rechnung (oder der Prestatioun falls den Datum vun der Rechnung net erfaasst ginn ass) an dem Areeche bei der CNS (also net dem Zäitpunkt vum Remboursement)?

  2. Wéi huet sech dësen duerchschnëttlechen Delai an de leschte 5 Joer (opgeschlësselt no Joren) entwéckelt?

  3. Proportional betruecht, béi wéi ville Rechnungen, déi innerhalb vun 2 Joer bei der CNS antreffen, ass den Delai tëschent Prestatiouns- oder Rechnungsdatum an Agangsdatum innerhalb vun 3 Méint, vu 6 Méint, vun 9 Méint, vun 12 Méint, vu méi wéi 12 Méint?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 420

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt