ACCOUNT

Reliounsgemeinschaften

Den 10ten November hunn de Premier an d’Santésministesch sech mat de Vertrieder vun der Glawensgemeinschaften zu Lëtzebuerg getraff, fir iwwert déi aktuell sanitär Situatioun ze schwätzen. Een Thema war och wat d’Reliounsvertrieder maachen, fir d’Verbreedung vum Virus an hire Gemeinschaften ze reduzéieren, respektiv auszebremsen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister erklären, firwat et richteg a wichteg ass, mat de Vertrieder vun de verschiddene Reliounsgemeinschaften iwwert d’Schutzmesuren an d’Impfen ze schwätzen? Gesäit de Minister hei Nohuelbedarf vu Säite vun de Reliounsvertrieder?

  2. Hunn all d’Vertrieder an der Reunioun sech zu de Virdeeler vun der Impfung bekannt?

  3. An d’Reunioun waren nëmme Vertrieder vun de konventionéierte Glawensgemeinschaften invitéiert. Laut eegenen Ugaben hunn, zum Beispill, d’Zeuge Jehovas iwwer 2000 Memberen zu Lëtzebuerg a si fir hier Retizenz, wat verschidde medezinesch Versuergungen ugeet, bekannt. Hunn d’Ministeren sech och mat dëse Leit zesummegesat, fir si iwwert Virdeeler vun enger Impfung z’informéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5246

Zesummenhang posts

Ahoi ! Natierlech goufe wéi ëmmer och vill parlamentaresch Froe gestallt a beäntwert. Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der
Zu Rodange läit hannert den Tankstelle bei der Grenz nach eng grouss fräi Fläch vun 13 Hektar, déi als Zone d’Activités Grand Bis klasséiert
Ahoi ! Am Oktober ass d’Chamberjoer erëm offiziell ugaangen an den Premier huet seng Ried zum Etat de la nation gehaalen. Natierlech hunn och