Rekrutementer am ëffentlechen Déngscht

Am 4. Februar 2025 huet d’Wort bericht, dass de Lëtzebuerger Staat aktuell méi wéi 400 Posten ze besetzen huet. Am Budget 2025 goufen donieft 1.575 nei Poste geschaaft. Dës Zuele weisen op eng konstant Vergréisserung vun der ëffentlecher Verwaltung hin, wärend gläichzäiteg eng gewësse Schwieregkeet besteet, all Posten ze besetzen.
Am Kontext vun enger effizienter Ressourcëplanung an der Garantie vun der Qualitéit vum ëffentleche Service ass et wichteg ze verstoen, wéi sech d’Evolutioun vun de Staatsbeamten an de leschte Joren entwéckelt huet, a wéi d’Regierung mat der Erausfuerderung ëmgeet, déi néideg Rekrutementer ze maachen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi huet sech d’Gesamtzuel vun de Staatsbeamten (fonctionnaires, employés a salariés) an de leschten 10 Joer entwéckelt?

  2. Wéi vill nei Poste goufen an de Budgetsgesetzer fir 2015-2025 accordéiert a wéi vill dovu konnten (pro Joer) net besat ginn?

  3. Wéi vill Rekrutementer muss d’Regierung am Joer 2025 am Ganzen duerchféieren (Ersatz + nei Posten), ausgedréckt souwuel a Poste wéi an Equivalent temps plein (ETP)?

  4. Wat sinn d’Haaptgrënn firwat bestëmmte Posten net besat kënne ginn a wéi eng Mesuren hëlt d’Regierung fir dësem Problem entgéint ze wierken?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1904

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt