Rekreative Cannabis: Wou ass de Projet drun?

Am Koalitiounsaccord vun 2018 heescht et:

“Une législation portant sur le cannabis récréatif sera élaborée. Les objectifs principaux en seront de dépénaliser, voire de légaliser sous des conditions à définir, la production sur le territoire national de même que l’achat, la possession et la consommation de cannabis récréatif pour les besoins personnels des résidents majeurs, d’éloigner les consommateurs du marché illicite, de réduire de façon déterminée les dangers psychiques et physiques y liés et de combattre la criminalité au niveau de l’approvisionnement. A cette fin, il s’agira d’instaurer sous le contrôle de l’Etat une chaîne de production et de vente nationale et de garantir ainsi la qualité du produit.”

An enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV vum 10.11.2020 heescht et zudeem:

“D’Regierung strieft eng méi adäquat, zäitgeméiss a léisungsorientéiert Reglementéierung vum wäitverbreeten Cannabiskonsum fir net medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg un. D’Haaptzil vun der Reglementéierung ass et fir d’Gesondheet vun de Mënschen déi mat Cannabis a Kontakt kommen beschtméiglech ze schützen. D’Tatsaach dass Cannabis déi meescht konsuméiert illegal psychoactiv Substanz zu Lëtzebuerg ass an dass, wei schonn erwänt, d’Konzentratioun un THC a Cannabisproduiten déi um onkontrolléierten illegalen Marché verkaaft ginn an déi potentiell Risiken déi mat hirem Konsum verbonne sinn, sensibel geklommen ass, sinn nëmmen e puer Argumenter déi d’Néidegkeet fir nei Leisungssusätz ze fannen bekräftegten. D’Aarbechten fir e Projet de Concept auszeschaffen deen der komplexer Herausfuederung gerecht muss ginn sinn nach net ofgeschloss.”

An deem Zesummenhang hu mir de Ministere fir Gesondheet a Wirtschaft dës Froe gestallt:

  • Kann d’Regierung duerstellen, wat den aktuelle Stand vun den Aarbechten um besote Projet de Concept ass?
  • Plangt d’Regierung Limitatiounen anzeféieren, wat den Taux un THC a Cannabisprodukter betrëfft, déi um legale Marché verkaf däerfe ginn?Ass d’Regierung der Meenung, dass eng THC-Limitatioun um legale Marché de Verkaf vu staark THC-haltëge Produiten um illegale Marché verstäerken oder reduzéiere wäert?
  • Steet scho fest, op d’Unzuel u Geschäfter, déi Cannabis an THC-haltëg Produite verkafen däerfen, soll limitéiert ginn?
    Falls jo: Ginn et schonn Informatiounen, wéi decidéiert wäert ginn, wéi vill a wéi eng Persounen e Commerce an dësem Beräich wäerte bedreiwe kennen?
  • Consideréiert d’Regierung och d’Méiglechkeet vun Online-Shopps am Kontext vum rekreative Cannabis, oder si just “physesch” Point-de-ventë geplangt?

Fro n°3445

Zesummenhang posts

Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen
 Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren