Refusen vun der Indemnité d’urgence fir Indépendanten?

Am Kader vun der Mesure vum Règlement grand-ducal du 25 mars 2020 ayant pour objet la mise en place d’une indemnité d’urgence certifiée en faveur de certaines micro-entreprises dans le cadre de la pandémie Covid-19 gouf eng Indemnité d’urgence fir PMEen an Héicht vu 5000€ opgestallt.

Des Weideren gouf mam Règlement grand-ducal du 8 avril 2020 ayant pour objet la mise en place d’une indemnité d’urgence certifiée en faveur des travailleurs indépendants dans le cadre de la pandémie Covid-19 och eng Hëllef vun 2500€ fir Independanten opgestallt.

Mengen Informatiounen no, krute verschidden Independanten hir Refuse mat der Begrënnung verweigert, se hätten hire Betrib wärend dem Confinement net missten zoumaachen a kéinte soumadder net vun den uewe beschriwwenen Hëllefe profitéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wéi verdeelen sech, opgeschlësselt nom Code NACE an no Typ vu Bäihëllef (2500€ a 5000€) d’absolutt Zuele vun den Demanden, Refusen an Accorden?

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen