Refus vum REVIS

2022 hunn, laut Rapport annuel vum Familljeministère, 4705 Leit de REVIS an RMG ugefrot. Net all Mënsch, deen de REVIS ufreet, kritt dësen awer accordéiert. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persounen hunn an deene leschte 5 Joer de REVIS ugefrot, an en net accordéiert kritt? Wat waren hei déi heefegste Grënn?

  2. Wéi vill Persounen hunn op Grond vun dem Refus Recours ageluecht?

  3. Wéi vill Persoune kruten no dësem Recours dunn awer de REVIS accordéiert?

 

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen