Refus vum Remboursement vun engem Krankeschäin

Et gouf un eis eru gedroen, dass et virkënnt, dass d’Krankekeess de Remboursement vun engem Krankeschäi refuséiert, well si dësen net unerkennt. Dëst kann awer net nëmme fir den Assuré zu engem grousse Problem ginn, mee stellt och de Patron virun  eng ganz Rei Froen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat fir eng Prozeduren si virgesinn, wann d’Krankekeess de Remboursement vun engem Krankeschäi refuséiert?

  2. Wat fir eng Méiglechkeeten huet e Patron, wann d’Krankekeess de Remboursement vun engem Krankeschäi refuséiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8004

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt