Refus vum Congé parental

Wann een zu Lëtzebuerg wëll de Congé parental ufroen, ginn et verschidde Konditiounen, déi een als Elterendeel muss erfëllen. Esou muss een 12 Méint laang (mat enger Ënnerbriechung vu maximal 7 Deeg an dësen 12 Méint) bei der CNS oder enger anerer Sozialversécherung verséchert sinn, een Aarbechtskontrakt bis un d’geplangten Enn vum Congé parental hunn a mindestens 10h d’Woch schaffen. Salariéeën, deenen hir Proufzäit eréicht no dem Congé parental op en Enn geet, dierfen dann och nëmmen dee sougenannten 2te Congé parental huelen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persoune kruten an de Joren 2020 an 2021 hir indemnités fir den 1. congé parental vun der Zukunftskeess refuséiert? Wéi vill Prozent heivu ware Fraen?

  2. Wéi vill Persounen hunn 2020 an 2021 wéinst engem Refus eng Lettre de contestation un d’Zukunftskeess gemaach? 

  3. Wéi vill Persoune kruten 2020 an 2021 doropshin nees eng “confirmation du refus”? 

  4. Wéi vill vun dëse Persounen hunn hiren Dossier nom Refus vun der Zukunftskeess virun de Conseil arbitral de la Sécurité Sociale (CASS) bruecht? 

  5. Wéi vill vun dëse Persoune krute vum CASS Recht zougesprach? 

  6. Wéi vill Affäre virum CASS, an deenen d’Zukunftskeess “Défenseur” ass, lafen am Moment? 

  7. Wéi héisch waren d’Affekotekäschte vum CAE fir Affäre virum CASS déi lescht 5 Joer (opgeschlësselt no Joer)?

  8. D’Gesetz vum 15. Dezember 2019 gesäit vir, dass d’Fonctionnaires stagiaires d’Méiglechkeet hunn, esouwuel Vollzäit ewéi och Deelzäit Congé parental ze huelen, sous conditioun, dass hier Formatioun an der Reegelzäit ofgeschloss gëtt. Wéi gëtt an der Praxis virgaangen, fir ze garantéieren, dass d’Fonctionnaires stagiaires ouni Verlängerung hir Formatioun ofschléissen kënnen an dann vum Congé parental profitéieren kënnen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6426

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene