Reduzéierung vum Tempolimitt bei Nidderschlag

De Code de la Route gesäit vir, dass d’Vitesslimitatioun op den Autobunne bei Nidderschlag vun 130km/h op 110km/h erofgesat gëtt, well bei naasse Stroossen de Bremswee méi laang ass wéi op dréchene Stroosseverhältnisser. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°1380 hat de Mobilitéitsminister geschriwwen, dass “d’Schwellewäerter vun de mobille Radare gi systematesch ëmgestallt wann d’Wiederkonditiounen dëst erfuerderen.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ginn d’Schwellewäerter vun de mobille Radare geännert? Mussen d’Polizisten dofir op d’Plaz, geet dat mëttlerweil och schonn digital aus der Distanz oder mécht de Radar dat automatesch?

  2. Bei wéi vill Nidderschlag ginn d’Schwellewäerter ugepasst?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8301

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt