Reduzéierung vum ëffentlechen Transport

Den 13ten September si verschidden Upassungen am Busreseau gemaach ginn. Hei koum et zum Beisëtze vun 3 néie Buslinnen, mee awer och zur Verleeung vu Busarrêten a vu verännerten Horairen. Esou ass och d’Frequenz vu verschiddene Buslinne staark reduzéiert ginn. Dës Verännerunge vum Busplang kéinten dozou féieren, dass dëst Transportmëttel als manner interessant Alternativ zum Auto gesi gëtt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Bei wéi ville Buslinne gouf d’Frequenz vun den Trajete reduzéiert?  Wéi vill Buslinne fueren elo manner Arrêten un ewéi virum 13ten September?

  2. Op Grond vu wei enge Krittäre sinn dës Ännerungen am RGTR-Netz geholl ginn?

  3. Ass den Här Minister der Meenung, dass eng Reduzéierung vu Busfrequenzen de richtege Wee ass, fir den ëffentlechen Transport méi attraktiv ze gestalten an en esou zu enger wierklecher Alternativ zum Auto ze maachen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2917

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt