Reduzéierung beim ëffentlechen Transport?

De Piraten Deputéierte Marc Goergen huet den 9ten November beim Transportminister nogefrot op et zu Ausfäll wéinst Corona am ëffentlechen Transport komm ass.

An der Äntwert seet de Minister, dass keng Zich, Tramen a Busser Corona bedéngt ausgefall wieren. D’Ausfäll vu kranke Chauffeuren hätte kënne vun Ersatzpersonal remplacéiert ginn.

Just d’Frequenz vum Tram wier wéinst niddreger Nofro erofgesat ginn.

De Minister sot awer och, dass et duerch Verkéiersaccidenter am Oktober zu Situatioune komm ass, wou Linnen ausgefall wieren, well d’Reserve vu Chauffeuren ausgeschöpft waren – eben och wëll ze vill Reserve-Chauffere krank gemellt waren.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll