Recoursen virun dem CASS – Nofro

De Conseil arbitral de la sécurité sociale (CASS) ass eng éischt Instanz, déi fir Ugeleeënheeten a Sträitfäll a Saache Sozialversécherung tëschent Versécherten a Versécherer zoustänneg ass.
An der Fro 6056 hunn ech schonn éischt Froen zu den Donnéeën zu de Recourse bei dem CASS gestallt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An der Äntwert op d’Fro n°6056 huet de Minister erkläert:
    “An de Joren 2019 bis 2021 goufen am Ganze 5.501 nei Recourse beim CASS eragereecht, dovun 2.056 am Joer 2019, 1.716 am Joer 2020 an 1.729 d’läscht Joer.”
    Wéi vill Recourse waren et fir d’Joren 2022 an 2023?

  2. 2022 loung den Delai fir de Recours bei der CASS bei 3 bis 6 Méint. Wéi laang dauert et am Moment vun der Demande de recours bis zur Decisioun?

  3. Wéi vill Leit sinn am Service vum CASS säit 2020 agestallt ginn? Wéi vill hunn de Service an dem selwechten Zäitraum verlooss?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 701

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt