An engem Artikel vum 100,7 “Logement: IWF mécht Lëtzebuerg konkret Proposen” vum 12. Juni 2022 gi verschidde Mesuren thematiséiert, déi den Internationale Wärungsfong Lëtzebuerg virschléit. Niewent luewende Wierder mécht den Country Report No. 22/152 och op verschidden Ëmstänn opmierksam, déi en als déficitaire ugeséit. Nohuelbedarf géing et a Saache Logement, am ëffentlechen Déngscht ewéi och un der Steierreform vun 2017 ginn. Sou faasst den Artikel vum 100,7 de Rapport vum Internationale Wärungsfong esou zesummen, dass am ëffentlechen Déngscht just nach Léit agestallt sollte ginn, fir “déi néideg Plazen ze besetzen”. Dës Weideren heescht et beim 100,7: “D’Employéë beim Staat a bei de Gemenge verdéngen engersäits gutt, anerersäits wëllen si natierlech och no bei hirer Aarbecht wunnen. Dat suergt fir méi ee groussen Drock op d’Demande no Wunnraum”
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Deelt de Minister d’Aschätzung, dass d’raimlech Konzentratioun vun de staatleche Servicer an déi raimlech Konzentratioun vun den Aarbechts- a Wunnplatzen déi sech doraus ergëtt ënner anerem fir déi héich Demande um Wunnengsmarché responsabel ze maache sinn?
-
A wéi enge Gemenge befannen sech staatlech Servicer, Administratiounen, an ëffentlech Ariichtungen? Wéi vill Léit si jeeweils pro Gemeng an dëse staatleche Servicer, Administratiounen an ëffentlech Ariichtunge beschäftegt?
-
Kéint eng gewëssen Dezentralisatiouns- oder Dekonzentratiounspolitik vläicht hëllefen, fir eng besser raimlech Verdeelung vun de staatleche Stellen ze kréien, an op dësem Wee den Drock op verschidden Zonen – haaptsächlech am Ballungsraum vun der Stad Lëtzebuerg – ze erliichteren?
-
Falls eventuell néi staatlech Servicer an d’Liewe geruff sollte ginn, ass de Minister der Meenung, dass déi op Plaze komme sollten, déi manner zentral leien awer trotzdeem raumplaneresch nach Sënn maachen?
QP Nummer 6358