Recommandatioune vum IWF bezüglech Steierreform

An engem Artikel vum 100,7 “Logement: IWF mécht Lëtzebuerg konkret Proposen” vum 12. Juni 2022 gi verschidde Mesuren thematiséiert, déi den Internationale Wärungsfong Lëtzebuerg virschléit. Niewent luewende Wierder mécht den Country Report No. 22/152 och op verschidden Ëmstänn opmierksam, déi en als déficitaire ugesäit. Nohuelbedarf géing et zum Beispill bei der Steierreform vun 2017 ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Deelt d’Ministesch d’Meenung vum Internationale Wärungsfong, dass d’Steierreform sollt auslafe gelooss ginn? War dem Ministère am Viraus vun dëser Reform bekannt, dass se staark Auswierkungen op d’Demande no Wunnraum géing ausléisen?  

  2. Mat der Steierreform vun 2017 kann een op e Steierkredit zeréckgräifen ewéi op d’Méiglechkeet, d’Zënsen um Prêt ofzesetzen. Allerdéngs ass et den Ament net méiglech, e(n Deel vum) Loyer vu senge Steieren ofzesetzen. Och wann dëst net am Koalitiounsaccord steet, wéi steet d’Ministesch zu dëser Optioun, déi d’Locatairen entlaaschte géing? Wat wier de fiskalen Impakt vun esou enger Mesure?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6350

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen