Recommandatioune vum IWF fir de Wunnengsmarché

An engem Artikel vum 100,7 “Logement: IWF mécht Lëtzebuerg konkret Proposen” vum 12. Juni 2022 gi verschidde Mesuren thematiséiert, déi den Internationale Wärungsfong Lëtzebuerg virschléit. Niewent luewende Wierder mécht den IMF Country Report No. 22/152 och op verschidden Ëmstänn opmierksam, déi en als déficitaire ugeséit. Nohuelbedarf géing et zum Beispill a Saache Logement ginn. Sou faasst den Artikel vum 100,7 de Rapport vum Internationale Wärungsfong esou zesummen, dass de Wunnengsmarché zu Lëtzebuerg als “Oligopol u Konstructiounsfirmen a Landbesëtzer” beschriwwe kéint ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Deelt de Minister d’Aschätzung vum Internationale Wärungsfong, deen de Logementsmarché zu Lëtzebuerg als “Oligopol” betruecht?  • Falls jo, empfënnt de Minister dëst als zefriddestellend oder gedenkt de Minister géint dësen Zoustand virzegoen, fir dass sech méi Ubidder um Wunnengsmarché rëmfannen? Falls jo, mat wat fir konkrete Mesuren? • Falls nee, wisou net?

  2. Am “Bausecteur wieren d’Paien zu Lëtzebuerg net héich genuch, fir Aarbechter aus der Grenzregioun heihin ze lackelen”. Gesäit de Minister hei och d’Gefor vun engem Kompetitivitéitsverloscht fir Lëtzebuerg, ganz besonnesch an dësem Secteur?  • Falls jo, wéi gedenkt de Minister fir hei déi néideg Impulser ze setzen? Wei steet de Minister zu engem steierlechen Ureiz fir Aarbechterinnen an Aarbechter aus Bausecteur méi einfach ze logéieren?

  3. “D’Employéë beim Staat a bei de Gemenge verdéngen engersäits gutt, anerersäits wëllen si natierlech och no bei hirer Aarbecht wunnen. Dat suergt fir méi ee groussen Drock op d’Demande no Wunnraum” faasst den 100,7 d’Nott vum Internationale Wärungsfong zesummen. Deelt de Minister dësen Avis?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6354

Zesummenhang posts

Le parti Pirate a tenu le 29 septembre une conférence de presse sur le sujet “Un monde du travail équitable pour aujourd’hui et demain”.
Am Walkampfofkommes ass festgehaale ginn, dass Ministeren a Ministeschen an der Ausübung vun hirem Mandat wärend der Period vum Walkampf keng bezuelte Reklammen iwwert