Recommandatioune fir Reesen an d’USA

An de leschten Deeg a Woche ginn an der Press, souwuel national wéi och international, ëmmer méi dacks Norichten doriwwer, dass Touristen net an d’USA dierften areese respektiv festgeholl ginn an an Abschiebehaft landen. De Fall vun engem franséische Wëssenschaftler virun e puer Deeg huet fir Opreegung gesuergt: Hie soll op der US-Grenz ofgeleent gi sinn, wéinst der Kritik vum Trump a senge privaten Handys-Messagen – laut engem offizielle Statement hätten et dofir awer aner Grënn ginn. Verschidden europäesch Länner hunn dowéinst och schonn hir Reesrecommandatioune verschärft.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Réckweisungen vu Persoune mat engem Lëtzebuergeschem Pass gouf et an de leschte 5 Joer (opgeschlësselt pro Joer)? 

  2. Ass zënter der Vereedegung vum Donald Trump den 20te Januar hei eng Hausse festzestellen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2158

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt