Reclassement Professionel

Et ass wichteg, dass Persounen no engem Reclassement professionnel schnell an ëmfaassend vun der ADEM ënnerstëtzt kënne ginn, wann si dat wënschen. D’Piraten hunn beim zoustännege Minister nogefrot, wéi laang Persounen, déi opgrond vun enger Krankheet oder engem Accident net mei schaffe kennen, aktuell waarde mussen, bis si vun der ADEM eng Ausgläichsentschiedegung erhale kennen. 

Wann Persounen opgrond vu gesondheetleche Problemer zu engem gewëssen Zäitpunkt hirer Aarbecht net méi no kënne kommen, ass et méiglech dass e reclassement professionnel gemaach gëtt, fir de Leit eng berufflech Reintegratioun ze erméiglechen an engem Beruff, an deem si trotz Krankheet oder Handicap nach schaffe kënnen.

Well vill Persounen an hiren neie Beruffer net méi esou laang a schwéier schaffe kënnen, wéi zu den Zäiten an deenen si nach vollstänneg gesond waren, ass et fir si oft schwéier eng Aarbechtsplaz ze fannen, wou si en ähnleche Salaire erhalen, wéi virdrun.

Aus deem Grond ass virgesinn, dass d’ADEM a bestëmmte Fäll Ausgläichsentschiedegung ausbezuele kann, fir et de betraffene Persoune och no hire Schicksalsschléi ze erméiglechen, hire Liewensstandard oprecht ze erhalen. An esou Fäll gëtt de Salaire, dee vum Patron ausbezuelt gëtt, vun der ADEM opgestockt, esou dass d’finanziell Belaaschtung fir déi Betraffen trotz hire gesondheetleche Problemer net zouhuele soll.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement folgend Froe gestallt:

• Wéi vill Persoune kréien opgrond vun engem virausgoende reclassement professionnel aktuell finanziell Ausgläichsentschiedegunge vun der ADEM ausbezuelt?

• Wéi héich ass de Montant, deen an der Moyenne als Ausgläichsentschiedegeung u Persounen no engem reclassement professionnel ausbezuelt gëtt?

• Wéi vill Persoune kruten am Mount Juni keng Ausgläichsentschiedegung vun der ADEM ausbezuelt, obwuel d’gemëschte Kommissioun hier Demande fir eng berufflech Reintegratioun scho virun dësem Mount ugeholl hat?

• Wéi laang muss eng Persoun ab deem Moment, wou d’Kommissioun hir Demande fir eng Reintegratioun unhëlt, an der Moyenne waarden, bis si déi éischten Ausgläichsentschiedegung vun der ADEM ausbezuelt kritt?

Fro n°870

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene