Reckruf vun Otemgeräter

De Konzern Philips huet am Juni 2021 eng Pressematdeelung raus ginn, laut der verschidden Otemgeräter missten zréckgeruff ginn. Et geet ee vu 5,5 Milliounen Apparater weltwäit an 873 Geräter zu Lëtzebuerg aus. Richteg zu Lëtzebuerg ukomm ass dës Meldung awer eréischt Mëtt November. Vill Patiente goufen aus der Press gewuer, dass hei Problemer mat hirem Gerät kéinte sinn. An der Äntwert op d’Fro N° 7178 huet d’Madamm Ministesch éischt Erklärunge ginn.

An deem Zesummenhang wëlle mir folgend Froe stellen:

  1. Aus der Äntwert op d’Fro n°7178:
    “Il convient de préciser que le dispositif médical en cause a été vendu sous différents noms de marque et par différents distributeurs au Luxembourg.” 
    1. Wéi kann et sinn, dass dee selwechten Apparat, ënner verschiddenen Nimm verkaaft gouf? 
    2. Ginn et hei Weeër, fir de Konsumenteschutzministère fir dës Nummännerungen nozevollzéien?
  2. Aus der Äntwert op d’Fro n°7178:
    “Il faut cependant remarquer qu’il y a eu de nombreux retards dans la mise en œuvre de cette action corrective car Philips Respironics n’a pas été en mesure de réparer ou de remplacer tous les appareils concernés en raison de l’ampleur énorme du rappel, concernant plusieurs pays et des millions de patients. […] A cet égard, de nombreux pays européens ont fait part de leurs inquiétudes et tenté de faire pression sur le constructeur dans une action coordonnée par l’autorité française compétente (Agence Nationale de Sécurité du Médicament et des Produits de Santé –ANSM), cependant sans résultat notable.”
    1. Wat fir Moyen huet Lëtzebuerg fir hei Philips zu engem méi schnellen Auswiesselen ze zwéngen?
    2. Wat fir Moyen ginn et op EU Niveau?
    3. Wat fir weider Aktioune sinn hei méiglech?
  3. Wéini genau sinn déi éischt Informatiounen zu Problemer vu Philips an dem Ministère agaangen?
  4. Wéini genau ass déi éischt Informatioun vu Problemer an dem Réckruff vum Ministère un d’Klinicke an d’FHL gaangen?
  5. Wie wär am Fall wou een Patient negatif Folgen duerch den Defekt vun der Maschinn huet responsabel?

Question parlementaire n° 72

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene