D’Schoul ass nees un an et gëtt erëm méi kaal. Den Hierscht ass ënnerwee.
Hei ënnendrënner informéiere mir iech iwwert d’Detailer vun der parlamentarescher Aarbecht vun de Piraten aus dem Mount September.
Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren nach net. D’Äntwerte ginn ëmmer op der Säit vun der Fro ënnert dem Text verlinkt, soubal dës virleien. Wann dir also virwëtzeg sidd, wat d’Regierung zu enger vun den nach net beäntwerte Froe wäert soen, surft roueg an e puer Wochen nach emol mat de Links aus dëser Zesummefaassung bei eise Froe laanscht a kuckt iech d’Äntwerten un.
Aarbecht:
An enger parlamentarescher Fro huet den Deputéierte Goergen sech beim Aarbechtsminister iwwert d’Covid-Mesuren op der Aarbechtsplaz an den Dateschutz informéiert : https://web.piraten.lu/patron-opschreiwen-geimpft/
Aussepolitik:
A punkto Aussepolitik goung et am September ëm d’Militärasätz vun der Lëtzebuerger Arméi. D’Regierung huet decidéiert, dass bis zu 5 Zaldote solle fir eng NATO Missioun am Irak stationéiert ginn. D’Piraten hunn an der Kommissioun géint dësen Asaz gestëmmt. D’Situatioun am Irak ass onstabil an eis Leit um Terrain si permanent der Gefor vun terroristeschen Uschläg ausgesat :
https://web.piraten.lu/asaz-vu-letzebuerger-zaldoten-am-irak-dpirate-soen-nee/
Nom Asaz an Afghanistan muss de Westen seng Baussenasäz iwwerdenken. Dëst gëllt och fir de Mali, wou am Moment Lëtzebuerger Zaldote stationéiert sinn an d’Regierung am Land laut Medie Berichter wëll russesch Söldner an d’Land ruffen. Sollt dëst de Fall sinn, ruffe mir de Minister Bausch op eis Léit zréck ze zéien :
https://web.piraten.lu/asaz-vu-letzebuerger-truppen-am-mali/
Bildung
De 14. September war déi éischt Chamberssëtzung no der Rentrée. Et gouf net nëmmen en neit Covid-Gesetz gestëmmt, mee och Gesetzer, déi de Léierbouwen a -Meedercher wärend der Pandemie sollen zegutt kommen:
Wéi gutt gi Flüchtlingen encadréiert, wa si eng Landessprooch leiere wëllen?
Mir hunn nach emol nogefrot:
https://web.piraten.lu/fluchtlinge-faasse-fouss2/
Déiereschutz
An enger Facebook-Annonce si mer gewuer ginn, dass op enger Stée sollen Päerd versteet ginn. Dat fanne mir net korrekt an dat ass an eisen Aen och net am Sënn vum Déiereschutz an der Wierd vum Déier : https://web.piraten.lu/versteee-vun-deieren/
Digitaliséirung
Kryptowärunge ginn ëmmer méi gefrot.
Mee wësst dir och wéi Gewënner aus Kryptowärungen ze versteiere sinn?
D’Piraten hunn nogefrot an erkläre wéi et geet:
Ëmwelt & Klima
Och am Joer 2021 kann net all Bierger zu Lëtzebuerg säi Bio-Offall an eng gréng Poubelle geheien. Mir haten eis schonn 2019 dofir ausgeschwat, dass dëst ab 2020 méiglech muss sinn. Eis Fuerderung gouf deemols awer ofgelehnt. Ma, wéi wäit ass d’Regierung dann elo domadder ? https://web.piraten.lu/bio-poubelle-flachendeckend/
Finanzen:
A punkto Finanzen haten d’Piraten-Deputéiert beim Finanzminister nogefrot wéi de Revenu deen aus Kryptowärunge gewonne gëtt, muss besteiert ginn.
Hei fannt dir den Artikel deen erkläert wéini ee Kryptowärunge muss beim Steieramt uginn: https://web.piraten.lu/23143/
D’Piraten ënnerstëtzen den Ausbau vu Kryptowärungen. Mir gesinn an dësen digitale Wärungen eng Chance fir d’Mënschen op der ganzer Welt, fir hiert Geld genee an déi Projeten an déi Wueren z’investéieren, an déi si wëllen investéieren. Mir schwätzen eis dofir géint zousätzlech Besteierungen op dës aus.
Donieft goung et a QPen ëm d’Ofmelle vun TVA Nummeren a Steiervergënschtegunge fir Datenzentren:
https://web.piraten.lu/fro-lu-tva-nummer/
https://web.piraten.lu/steiervergenschtegunge-fir-datenzentren/
Innepolitik
Op zdf.de beriicht een Artikel vum 29te September, dass op e puer Platzen an Däitschland d’Noutruffnummeren net méi iwwert d’Mobilfunknetz konnten erreecht ginn. D’Pann ass direkt op e puer Platzen opgetrueden. Mir wëlle wëssen, op Lëtzebuerg géint dësen technesche Problem gewappnet ass : https://web.piraten.lu/ausfall-noutruff/
Eng weider parlamentaresch Fro zum 112 hat fir Opreegung gesuergt : https://web.piraten.lu/dekippen-beim-112-an-113/
D’Reaktioun dorobber. https://www.rtl.lu/news/national/a/1784389.html
Integratioun & Soziales
Wéi behënnertegerecht sinn eis Busarrêten? Dat wollte mir virun engem Mount wëssen. Elo läit d’Äntwert fir a si ass méi wéi erniichterend. Hei muss Lëtzebuerg dréngend Progrèse maachen!
https://web.piraten.lu/wp-content/uploads/2021/09/245985.pdf
D’Präisser vum Gas sinn am Moment europawäit am gaange mat klammen. Laut RTL ass de Präis vum m3 Gas fir d’Haushälter säit 2020 schonn ëm 25% geklommen. Mir wollte méi iwwert d’Risike vun der Energieaarmut zu Lëtzebuerg gewuer ginn:
https://web.piraten.lu/klemmt-denergieaarmut/
Wéi gutt gi Flüchtlingen encadréiert, wa si eng Landessprooch leiere wëllen? Mir hunn nach emol nogefrot:
https://web.piraten.lu/fluchtlinge-faasse-fouss2/
Kultur
Den Denkmalschutz an d’Renovatioun vun historesche Bauten si wichteg fir de Patrimoine a ginn dofir och staatlech finanzéiert. Mee wat genee geschitt mat de staatleche Gelder? Mir hunn nogefrot wéi et hei mat der Transparenz ausgesäit:
https://web.piraten.lu/restaura-transp/
Logement
D’Logementskris zu Lëtzebuerg kennt vill Verléierer. Si kennt awer och vill Gewënner. Ënnert hinne fannen sech d’Immobilienagencen, déi sech fir all Vente eng Kommissioun sécheren. Dës Kommissioun ass an engem groussherzogleche Reglement vun 1972 op 3% fixéiert. Zënter 2013 hunn sech d’Präisser vun neie Wunnengen (Appartementer) bal verduebelt. Dat geet aus den Zuele vum Observatoire de l’Habitat ervir. Fir d’Immobilienagence ass dës Präishausse vu Virdeel, well si bannent manner wéi 10 Joer hir duerchschnëttlech Kommissioune bal konnte verduebelen, wärend hier Käschte quasi gläich bliwwe sinn. Sinn déi Kommissiounen nach ugepasst? https://web.piraten.lu/agencen-frais/
Fir Persoune mat geréngem Akommes dobäi ze ënnerstëtzen, hier Loyeren oder Immobiliëkreditter kënnen ze bezuelen, goufen eng ganz Rei staatlech Hëllefen an d’Liewe geruff. Wéi mir awer gewuer goufen, sinn d’Verwaltungen immenz lues an dësen Dossieren :
https://web.piraten.lu/aides-au-logement/
Mobilitéit
De Minister hat an enger Äntwert op eng QP verroden, dass CFL Flex gutt géing lafen. Mir hunn eis Gefrot, ob dat net awer éischter dorunner leit, dass d’CFL selwer fir déi gutt Demande suergt a mol no konkreten Zuehlen gefrot : https://web.piraten.lu/?s=flex&lang=lu
Wat Elektroautoen ugeet, do stellt sech nach ëmmer d’Fro : wéi lueden ech en, wann ech grad op der Autobunn hänken? Bei villen Elektrosäilen brauch ee momentan eng Kaart vum Bedreiwer vun der Borne, fir ze bezuelen. Geet dat net méi einfach? Kéint een net direkt iwwer Debit- a Kreditkaarte bei all Borne bezuelen?
https://web.piraten.lu/bezuelen-mat-debit-a-kreditkaarte-bei-elektrobornen/
D’Reunion tëscht der Belsch a Lëtzebuerg op der Gäichel war jo ee vollen Erfollëg… seet eis zumindest d‘Regierung. Mee dat stëmmt awer esou net. Virun allem waat d‘Zuchverbindung “Lëtzebuerg-Bréissel” an déi europäesch Axe “Bréissel-Lëtzebuerg-Stroossbuerg” ugeet, gouf bis ewell näischt erreecht an et ass vill waarm Loft geschwat ginn. Dofir hu mer mol no konkrete Moossname gefrot:
https://web.piraten.lu/reunion-gaichel/
Santé
De 14. September gouf an der Chamber en neit Covid-Gesetz gestëmmt. Hei kënnt dir iech nach emol all d’Videoe vun de Rieden aus der Chamber ukucken:
Wéi gesäit et mat Reesen an d’USA aus? Kann all an Europa geimpfte Persoun deemnächst nees areesen oder ginn et Impfstoffer, déi net unerkannt ginn? Mir hunn nogefrot:
https://web.piraten.lu/komplett-geimpft-reesen-nofro/
Dass fëmmen e Gesondheetsrisiko kann duerstellen ass net nei an dofir probéieren ëmmer méi Leit domat opzehalen. Wat fir en Effekt hat d‘Covid-19-Pandemie op d’Consomatioun vun Zigaretten? Huet d’Angscht virun der Longekrankheet dozou gefouert, dass d’Leit besser op hier Longen opgepasst a manner gefëmmt hunn?
Kuerz gesot: nee.
Wéi aus enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun eis ervir geet, hat d’Pandemie keen dauerhaften Effekt op d’Consomatioun:
https://web.piraten.lu/wp-content/uploads/2021/09/244940.pdf
Persounen, deenen hire mentale Gesondheetszoustand esou schlecht ass, dass si riskéieren eng Gefor fir sech oder anerer ze sinn, kënnen och géint hire Wëllen an eng Psychiatrie agewise ginn. D’Piraten hunn no geneeën Zuele gefrot:
https://web.piraten.lu/placeierung-vu-menschen-an-zouenen-ustalten/
D’Piraten haten d’Gesondheetsministesch gefrot, wéi et mam Ausbau vun der Offer vun der Schmierzklinik ausgesäit. D’Äntwert läit elo fir:
https://web.piraten.lu/schmerztherapie-wou-sinn-dpolitesch-aarbechten-drun/