Ahoi léiw Memberen,
et ass nees Zäit fir den Newsletter!
Aktuelles:
Am aschneidenste war dëse Mount sécher de brutale russeschen Ugrëff vun der Ukrain, deen eis alleguer schockéiert huet an natierlech och an der Chamber en Thema war.
Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren nach net. D’Äntwerte ginn ëmmer am Websäitebäitrag ënnert der Fro verlinkt, soubal dës virleien. Wann dir also virwëtzeg sidd, wat d’Regierung zu enger vun den nach net beäntwerte Froe wäert soen, surft roueg an e puer Wochen nach emol mat de Links aus dëser Mail op eiser Websäit laanscht a kuckt iech d’Äntwerten un.
Hei fannt dir elo déi Themen, déi iech besonnesch interesséieren:
***
Aarbecht:
Hei hunn d’Piraten dëse Mount eng Gesetzespropos zur CNS agereecht. Am Moment ass et esou, dass een 2 Joer Zäit huet, fir seng Rechnunge bei der CNS eran ze ginn. Bei Persounen déi net méi ganz esou fit sinn, oder ënnert Tutelle gestallt ginn, kënnen esou Rechnungen awer mol vergiess ginn. Mir Pirate fannen, dass dës Leit hir Suen awer ze gutt hunn, a fuerderen, dass dësen Delai gestrach gëtt:
Zum Thema Aarbecht hunn Deputéiert och am Februar erëm eng Partie froe gestallt. Hei goung et virun allem drëms, sech iwwert déi aktuell Situatioun z’informéieren.
Wou steet Lëtzebuerg wat d’Schwaarzaarbecht ugeet?
Wou steet Lëtzebuerg wat d’Scheinselbststännegkeet ugeet?
D’Pirate sinn dann och gewuer ginn, dass verschidde Gemengen, Persoune mat Null-Stonne Kontrakter astellen. Dat Besonnescht bei dëse Kontrakter ass, dass d’Mindestbeschäftegungsdauer bei null Stonne läit. Sou muss den Employé just aktiv ginn, falls den Employeur e Besoin artikuléiert. Dat féiert dozou, dass dës d’Remplaçanten nëmmen op d’Stonn remuneréiert ginn. Falls si also am Krankeschäi sinn oder a Quarantän/Isolatioun mussen, ginn si also net bezuelt an de Patron cotiséiert och net weider fir si.
Leider ass et awer e Fait, dass et Salariéeën a lëtzebuerger Maison Relaie gëtt, déi vun engem Schäfferot mat engem Null-Stonne-Kontrakt agestallt goufen. A grad well esou Astellungen, déi duerch e Schäfferot erfollegen, vun der Inneministesch mussen approuvéiert ginn, ass et méi wéi verwonnerlech, dass d’Madamm Ministesch vun dëse Kontrakter keng Kenntnis soll hunn. Dëst feelend Wëssen iwwert d’Aarbechtskonditiounen um Terrain ass méi wéi besuergneserreegend.
D’Pirate maachen dofir een Appell vun d’Ministesch, hei Kloerheet an den Dossier ze bréngen, an de betraffene Leit fair Aarbechtskontrakter unzebidden.
***
Aussepolitik:
An der Aussepolitik deet sech an deene leschten Deeg ganz vill. D’Piraten an hir 2 Deputéiert stinn hannert de Mesure vun der EU a si mat allen Sanktiounen déi Stand 28te Februar decidéiert goufen averstanen. Mir iwwerwaachen awer och weiderhin d’Aktioune vun der Regierung a fuerderen si op weiderhi Solidaritéit mat der Ukrain a senge Biergerinnen a Bierger ze weisen.
De Sven Clement e leschten Donneschden an der Chamber: https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3568/sequence/194357.html
Am Februar goung et an der Chamber beim Thema Aussepolitik dann och ëm d’Roll vun der NATO. Hei kënnt dir dem Sven Clement seng Ried vum 8te Februar lauschteren: https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3549/sequence/192876.html
Piraten hunn och eng Fro zu den Auswierkunge vum Krich op d’Gasreserve gestallt:
Souwéi de Rapport vun der ASTM zu de Mënscherechter op der Finanzplaz:
***
Bildung & Fuerschung:
An der Chamber gouf e Gesetzesprojet gestëmmt, fir en Observatoire national am Beräich vun der Schoulqualitéit a Jonken a Kanner ze grënnen:
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3554/sequence/193088.html
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3554/sequence/193088.html
***
Chancegläichheet & Gläichberechtegung:
Nodeems et bei de Covid-Demonstratiounen zu Ausschreidunge komm war, gouf och den Demonstratiounsperimeter vun anere Manifestatiounen ageschränkt – an zwar dee vum Fraestreik. Well et sech hei em eng Demonstratioun handelt, déi et scho säit Jore gëtt, an déi ëmmer friddlech ofgelaf ass, hunn d’Piraten d’Demande vun der JIF ënnerstëtzt, fir fräi demonstréieren ze dierfen. D’Limitatioun vum Perimeter gouf mëttlerweil opgehuewen.
Gemenge kënnen sech un engem Projet, fir gratis Menstruatiounsartikele bereet ze stellen, bedeelegen – mee wéi Gemenge maache wierklech mat?
***
Digitalisatioun & IT:
Lëtzebuerg ass vun engem gréissere Stuerm getraff ginn, an d’Bierger si per SMS gewarnt ginn, dass eng Alerte rouge géif virleien. Kuerz drop ass den Informatiounssite vu Meteolux zesummegebrach, well ze vill Persoune gläichzäiteg drop zougräife wollten: Wéi kann esou eppes an Zukunft verhënnert ginn? Mir hunn nogefrot:
Wéi gëtt mat Kryptowärungen am Fall vu Beschlagnamungen ëmgaangen?
D’Debatten ëm den Asaz vun der Spionagesoftware Pegasus räissen net of. Mir hunn nach emol eng parlamentaresch Fro zum Sujet gestallt:
De Lëtzebuerger Staat huet hier nei Applikatioun „Gouv-ID“ presentéiert. Mir wollte wëssen, ob dës App och privaten Acteuren de Kontakt mat Clientë kéint vereinfachen:
***
Ëffentlechen Déngscht:
Hei kruten d’Piraten iwwert fro.lu eng intressant Fro zu den Elittesportler an der Arméi an am ëffentlechen Déngscht zougeschéckt, déi dir hei kënnt noliesen:
***
Ëmwelt, Klima & Natur:
An der aktueller Klimapolitik feehlt et un Uräizer, fir dass d’Leit op d’Ausstousse vun CO2-Emissioune verzichten.Ee Klimabonus, a Form vun enger negativer CO2-Steier, kann ee steierlecht Instrument sinn, wat et erlabt, de Verzicht ze belouhnen. D’Iddi wier et, dass Leit, déi wéineg CO2 ausstoussen, Suen a Form vun engem Steierkreditt erëmkréien wàhrend déi, déi mam Privatjet an d’Vakanz fléien, méi fir hiere Knascht bezuehlen. Mir wollten eng Etüd an Optrag ze ginn, fir déi méiglech Konsequenze vun engem Klimabonus z’analyséieren. Dat war allerdings net vun deenen aanere Parteie gewollt a mat deels bëllegen Argumenter gouf drop verzicht, fir nei Iddien op mannst mol ze duerchdenken.
https://piraten.lu/etud-klimabonus/
https://piraten.lu/etud-klimabonus/
***
Familjepolitik:
D’Enthüllunge vun de Mësshandlungen a franséischen Altersheemer vum Grupp Orpéa hunn och Lëtzebuerg schockéiert. Mir hunn an deem Kontext 2 Froen iwwert d’Qualitéitskontrolle bei eis am Land gestallt:
***
Finanzen & Steieren :
Hei huet de Sven Clement bei der Regierung nogefrot, wat fir Konsequenzen si aus dem Rapport vun der ASTM zu de Mënscherechter op der Finanzplaz zeien:
An der Chamber goufen dann och 3 Gesetzer aus der Finanzkommissioun gestëmmt. Ee Projet deen d’Piraten net mat gedroen hunn, ass deen zu der Kompetenzerweiderung vun de Verbreifungsgesellschaften , also déi Firmen déi Wäertpabeieren opsetzen. Dës hunn elo d’Recht kritt, fir direkt an indirekt kënne mat Immobilien ze handelen. Fir eis Piraten een absolutten No-Go deen do vun alle Parteien ausser de Piraten an déi Lénk matgedroe gouf.
Hei dem Sven Clement seng Ried:
***
Gemengen & Innepolitik:
An der Chamber gouf dann den 20te Januar een neit Waffegesetz gestëmmt. Eis Pirate geet et net wäit genuch. Mir sinn net d’Accord, dass mannerjäreger dierfe mat Waffen hantéieren. Wëll et awer besser ass, wéi dat virrescht Gesetz, hunn mir de Projet matgestëmmt. Hei kënnt dir dem Marc Goergen seng Ried zu dësem Thema lauschteren:
Wéi mir matgedeelt kruten ass d’Enquête bei der IGP betreffend der Reform vun de Recrutementsprozedur elo ofgeschloss. De Marc Goergen huet no de Resultater gefrot: enquete-administrative-vun-der-igp/”>https://piraten.lu/enquete-administrative-vun-der-igp/
***
Kultur:
An der Chamber gouf en neit Gesetz fir den Denkmalschutz gestëmmt:
Mir hunn eng Fro iwwert de Patrimoine ferroviaire gestallt:
***
Logement:
De Präis vum Gas ass an deene leschte Méint rasant geklommen. Mir hunn dofir direkt eng zweete Keier bei der Regierung un der Dier getockt, dass d’Gasliferanten hir Clienten op dës méi héisch Decomptë sollte virbereeden.
Een Nee ! gouf et dann och vun eis an der Chamber zu engem Gesetz, dat et Investmentfongen an Zukunft méi einfach mécht, fir hei zu Lëtzebuerg an Immobilien z’investéieren. « Dëse scheinbar onspektakuläre Gesetzesprojet ass nämlech alles anescht wéi dat. D’Stëmme vun dësem Projet wäert dozou féieren, dass d’Immobiliëspekulatioun zu Lëtzebuerg weider ugeheizt gëtt.”, sou de Sven an der Chamber. Déi ganz Ried gesiit dir um Video op eiser Website.
***
Police & Arméi:
d’Police huet 96 nei dieselgedriwwen Déngschtween vum Modell “Ford S-Max” kaf an dofir ronn 5 Milliounen Euro ausginn. Entsprécht dëst dem Minister senger Virstellung vun der zukünfteger ökologescher Entwécklung vun der Policeflott?
https://piraten.lu/erneierung-vun-der-policeflott/
https://piraten.lu/erneierung-vun-der-policeflott/
D’Arméi huet während der Covid-Pandemie vill gehollëf, esou och an den Testzentren. Mee wat war de Käschtepunkt vun der Präsenz vun der Arméi a wéi eng aner Projekter hunn dofir misste leiebleiwen?
https://piraten.lu/tar/
https://piraten.lu/tar/
***
Santé:
Et gouf en neit Covid-Gesetz gestëmmt:
D’Piraten hunn an der Chamber eng Gesetzespropose agereecht, fir d’Delaie bei der CNS beim Areeche vu Rechnungen ze adaptéieren:
https://piraten.lu/gesetzespropos-remboursement-vun-der-cns/ https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3551/sequence/193771.html
https://piraten.lu/gesetzespropos-remboursement-vun-der-cns/ https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3551/sequence/193771.html
An der Chamber war eng Debatt iwwert d’Ëmweltmedezin:
Eng onkloer Kommunikatioun vum Gesondheetsministère huet ufanks des Mounts fir Verwirrung gesuergt wat d’Impfcertificaten ugeet. An der Äntwert op eis parlamentaresch Fro fannt dir nach emol déi aktuell Reegelen:
Well net ëmmer esou vill Impfstoffer gebraucht ginn, wéi bei der Commande ugeholl gouf, ass et schonn dozou komm, dass zu Lëtzebuerg Covid-Impfstoffer onbenotzt ofgelaf sinn, obwuel d’Piraten d’Regierung am Virfeld op dëse Problem opmierksam gemaach haten. Fir dass esou eppes net nach emol geschitt, hu mir eng Fro zu den aktuelle Stocke gestallt:
D’Äntwert op eis Fro aus dem Januar iwwert Contre-Indikatioune bei Covid-Impfunge leit elo vir:
https://piraten.lu/contre-indicatiounen-covid/
https://piraten.lu/contre-indicatiounen-covid/
An och d’Äntwert op d’Fro iwwert déi verschidden Typpe vu Schnelltester gouf mëttlerweil beäntwert:
https://piraten.lu/fro-lu-typen-vu-schnelltester/
https://piraten.lu/fro-lu-typen-vu-schnelltester/
***
Sport:
Am Sport waren d’Olympesch Spiller natierlech e wichtegt Thema an domat och den ëmstriddene Besuch vum Grand-Duc. Hei fannt dir d’Positioun vun de Piraten an eng parlamentaresch Fro vun eis zu dësem Thema:
https://piraten.lu/boykott-vun-den-olympeche-spiller/
https://piraten.lu/boykott-vun-den-olympeche-spiller/
***
Wirtschaft:
Beim Thema Wirtschaft wollten d’Piraten dann och wëssen, wéi et ëm déi nei „GouvID“ App steet an ëm d’Ausgabe fir an d’Fuerschung:
Et goung am Februar dann och an enger Aktualitéitsstonn ëm de Verloscht vu Kafkraaft zu Lëtzebuerg. Mir Pirate sinn der Meenung, dass hei virun allem deenen Haushalter muss gehollef ginn, wéi mat Gas hetzen. Gläichzäiteg si mir der Meenung, dass duerch ee Klimabonus, d’Leit solle fir de Verzicht belount ginn:
***
Hunn iech nach Theme gefeelt, zu deenen dir hätt wéilte méi wëssen?
Iwwert deen heite Link kënnt dir ee personaliséierten Newsletter ufroen oder upassen: https://piraten.lu/newsletterumeldung/