Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount Dezember

Ahoi,

Waat ass an der Chamber esou am Dezember geschitt?

Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren nach net. D’Äntwerte ginn ëmmer am Websäitebäitrag ënnert der Fro verlinkt, soubal dës virleien. Wann dir also virwëtzeg sidd, wat d’Regierung zu enger vun den nach net beäntwerte Froe wäert soen, surft roueg an e puer Wochen nach emol mat de Links aus dëser Mail op eiser Websäit laanscht a kuckt iech d’Äntwerten un.

***

Hei fannt dir elo déi Themen, déi iech besonnesch interesséieren:

Aarbecht:

Am Dezember war an der Chamber eng Aktualitéitsstonn zum Thema Laangzäit Chômage. De Sven Clement ass hei op d’Erfarunge vun der Partei a senge Mataarbechter agaangen an huet och kloer gestallt, dass hannert all de Chômage Zuelen eenzele Leit mat eenzele Schicksaler stinn, déi individuell gehollef muss kréien. Hei kënnt dir seng Ried nolauschteren: https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3454/sequence/187087.html 

An dem Kader huet de Sven Clement eng Fro zu den Delaie bei de Recourse vun der Adem gestallt. Hei kënnt et zu Méintelaange Waardezäiten an deenen dëst leit vu kenge finanziellen Hëllefe kënne profitéieren.

https://piraten.lu/adem-recours/

Et gouf och eng Debatt zum Thema Sécherheet an Gesondheet op der Aarbechtsplaz. Hei mussen an eisen Ae ganz kloer méi Ureizer fir Medezin Studente geschaaft ginn, fir an d’Aarbechtsmedezin ze goen. Gläichzäiteg ass et einfach just nach fir de Kapp ze rëselen, dass d’CNS nach ëmmer keen Accord mat de Psychologe fonnt huet, obwuel scho säit Joren dru geschafft gëtt. Wëll Gesondheet ass net nëmme physesch mee och mental Gesondheet an de Minister hat hei u sech versprach, dass Enn dës Joers een Accord géing stoen. Hei fënns de dem Sven Clement seng ganz Ried: https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3492/sequence/188318.html 

*** 

Aussepolitik:

An der Aussepolitik hunn d’Piraten am Dezember e puer onschéi Momenter erlieft. De Julian Assange drot un d’USA ausgeliwwert ze ginn, eppes wat mir Piraten net kënnen akzeptéieren. Mir hunn dofir ee Pressecommuniqué mat enger klorer Fuerderung un d’Regierung verëffentlecht: https://piraten.lu/de-julian-assange/

Gläichzäiteg huet d’Regierung missen zouginn, dass si 13‘000 Dosen AstraZeneca einfach oflafe gelooss hunn. E Skandal ! Net nëmmen huet d’Regierung hei Impfstoff am Wäert vun iwwer 30 000€ zerstéiert, mee Lëtzebuerg huet och d’Chance verpasst, aner Mënschen an anere Länner virum Covid-19-Virus ze schützen.Hei fënns du eise Communiqué mat der klorer Fuerderung un d’Regierung, fir esou eppes ni méi virkommen ze loossen: https://piraten.lu/iwwer-13000-dosissen-covid-19-vaccin-einfach-zersteiert/

Wéinst der Situatioun un der Belarusescher Grenz solle verschidde Rechter vu Geflüchteten ausgesat ginn, de Sven Clement huet hei nogefrot wat et domat op sech huet a wéi Lëtzebuerg sech hei wäert verhalen: https://piraten.lu/rechter-vu-gefluchteten/

***

Bildung a Familljepolitik: 

Hei hunn d’Piraten eng Fro zur Sécherheet vun de Covid-Zertifikater aus de Schoule gestallt: https://piraten.lu/zertifizeiert-schnelltester-aus-de-schoulen/

An der Chamber war dann och eng Debatt iwwert d’Wuelbefanne vun de Kanner, dëst och awer net nëmmen ënnert dem Hannergrond vun der Covid-19 Pandemie. Mir Pirate fannen, dass déi Elteren, déi doheem bei hiren Kanner bleiwe mussen d’Chèques-Service-Accueil ausbezuelt kréie fir esou eng wierklech Alternativ zu de Crèchen ze hunn. Gläichzäiteg huet de Marc Goergen och iwwert d’Geforen opmierksam gemaach, déi doduerch entstinn, dass d’Kanner an der Pandemie quasi nëmmen nach online mat hire Kolleege kommunizéiere kënnen. Hei fannt dir dem Marc Goergen seng ganz Ried:

D’Piraten hunn am Kader vum Budget och eng Motioun deposéiert, fir de Steierkredit fir Elengerzéiender un uewen unzepassen an si esou z’entlaaschten:

Leider gouf eis Motioun vun der Majoritéit ofgeleent.

***

Finanzen: 

Den Dezember ass traditionell dee Mount wou sech villes ëm de Budget fir d’nächst Joer dréint. D’Piraten hunn sech d’Proposë vun der Regierung duerchgelies an och wa mir mat verschiddene Punkte ganz d’Accord kënne sinn, wéi zB dass mat de Bauspuerverträg elo kënnen och energetesch Renovatioune kënnen ze bezuelen, ass eis dëse Budget bäi wäitem net ambitiéis genuch. De Klimawandel gëtt net duerch kleng Mini-Mesure gestoppt gestoppt an d’Biergerinnen an d’Bierger dobaussen, ginn nach ëmmer net steierlech entlaascht do wou se et sollten.

Hei kënnt dir dem Sven Clement seng ganz Ried lauschteren: https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3496/sequence/188710.html

D’Piraten hunn dann och 3 Motiounen zum Budget deposéiert déi dir hei kënnt noliesen:

https://piraten.lu/upassunge-vum-steierkreditt-fir-elengerzeiender/

https://piraten.lu/ofschafe-vun-ongenotzte-fongen/

https://piraten.lu/opstelle-vun-engem-fong-fir-naturkatastrophen/

 

Leider ass keng vun eise Proposë vun der Majoritéit ugeholl ginn.

***

Innepolitik & Gemengen

Normalerweis mussen d’Sëtzungen vun engem Gemengerot ëffentlech a fir jiddereen zougänglech sinn, mee fir verschidde Punkten, wéi Personalfroen oder méi sensiblen Themen, dierfen d’Sitzungen ënnert Ausschloss vun de Bierger stattfannen. Dës Ausnahm gëtt awer a verschiddene Gemengen ëmgaangen, déi einfach eng “informell” Aarbechtssëtzung ofhalen, an där dann Saachen decidéiert ginn, ouni se mussen ëffentlech ze maachen. Mir Piraten stinn fir eng transparent Politik a fannen, dass dat ee geféierlech Spill ass, wann onangenehm Themen hannert zouennen Diere beschwat ginn.

https://piraten.lu/hannert-zouenen-dieren/

Eng Fro, déi sech stellt, ass wien Hochzäiten als Officier de l’Etat civil am Numm vum Staat dierf aktéieren. Op www.vdl.lu ass an der Rubrik “Organiser un mariage” ze liesen, dass de Buergermeeschter oder säi Representant d’Hochzäit duerchféiert. Wien dierf als Représentant fungéieren?

https://piraten.lu/hochzaiten-ofhalen/

Dës Weideren hu mer zwou Froen zum CGDIS gestallt, déi d’Ausbezuehle vun de Primmen fir d’Fräiwëlleger an och de Sportstest beim Médico betrëfften:

https://piraten.lu/cgdis-primmen/

https://piraten.lu/cgdis-medico/

***

Integratiounspolitik a Justiz:

 Am Dezember war et endlech esou wäit. Déi éischt Gesetzespropos vun de Pirate gouf an der Chamber diskutéiert. (Leider war et net déi éischt Propos déi mir agereecht hunn, well mir nach ëmmer bei ville vun eise Proposen op den Accord vum Staatsrot waarde mussen).

Eis Propos fir d’Recouvrementsprozedur fir Persoune mat Lëtzebuerger Virfahre bis 2028 ze verlängeren ass awer leider mat 6 zu 54 Stëmmen an der Chamber ofgeleent ginn. Egal wéi war et eng ganz flott Erfarung an eng zousätzlech Motivatioun fir eis, fir esou Proposen anzebréngen, an esou d’Politik aktiv matzegestalten. Mir ginn net op.

Hei fannt dir eis Propos: https://piraten.lu/recouvrement-ppl/

Hei fannt dir 2 Motiounen déi mir an dem Kader mat deposéiert hunn:

Dofir ass endlech eis Propos fir eng Ofännerung vum Chambersreglement ugeholl ginn. 2019 hunn d’Piraten Deputéiert d’Chamber opgefuerdert ee Lobbykalenner anzeriichten ewéi mir en scho laang op piraten.lu hunn. Eise Virschlag ass zwar staark ofgeschwächt gi vu CSV an DP mee mir gesinn et trotzdeem als ee Schrëtt an déi richteg Richtung.

***

LGBTIQ*:

Hei huet de Marc Goergen eng Fro zur Diskriminatioun vun der kathoulescher Kierch gestallt:https://piraten.lu/diskriminatioun-vun-der-kathoulescher-kierch-an-den-usa/

***

Logement

Aus der Nott n°29 vum Observatoire de l’Habitat geet ervir, dass d’ëffentlech Hand – also de Staat, d’Gemengen an d’ëffentlech Bauträger/Fongen – ronn 505 Hektar Bauland besëtzen. Domadder kann schonns ee schonn ee groussen Deel vun deenen 142 000 ugekënnegte Wunnengen hei am Land bauen. Fir eis Piraten leit d’Prioritéit kloer op dësen Terrainen. Mee wou sinn d’Aarbechten drun? Wéi vill vun dëse Reserven ginn aktuell fir d’Bauen genotzt? Mir warden nach ëmmer op eng Äntwert op eis Froen.

https://piraten.lu/baulandreserven/

***

Ëmwelt & Klima & Energie

An de Chambersitzungen am Dezember hu mir et eis och net huele gelooss, fir direkt e puer Proposen ze maachen, déi als Léisung géint de Klimawandel sollten op den Dësch kommen: d’Opstelle vun engem transparenten Katastrofefong, fir d’Ëmweltschied zu Lëtzebuerg kënnen besser ze berechnen, méi Elektroluetstatiounen op Tankstellen hei am Land virzegesinn fir d’Elektromobiltéit weider unzekurbelen an een Ausstieg aus dem Kuehlestroum. All Propose gouf vun deenen aanere Parteien ofgeleehnt. Souvill zum Klimaschutz…

https://piraten.lu/opstelle-vun-engem-fong-fir-naturkatastrophen/

https://piraten.lu/schnellluetstatiounen-op-all-tankstell/

https://piraten.lu/keng-fossill-energien-am-stroummix/

De Präis vum Meter Cube Gas ass an deene leschte Méint rasant geklommen. Privat Consommateure mussen haut ëm déi 50% méi fir hire Gas bezuelen, wéi nach am Januar 2021. Well d’Consommateuren oft awer nëmmen Avance bezuelen an dës net konstant ugepasst ginn, kann et sinn, dass d’Leit spéiderhin da beim Decompte eng vill méi héisch Rechnung kréien, wéi se dat an der Vergaangenheet gewinnt waren. Wéi wäerten d’Leit dorobber virbereet ginn?

https://piraten.lu/decompte-vu-gasliferanten/

***

Santé:

Dëse Mount goufen dann net een mee direkt 2 Covid-Texter gestëmmt. Mir Pirate kënnen d’Proposë vun der Regierung net matdroen, esou laang den 3G op der Aarbechtsplaz bedeit, dass Leit mat engem méi klengen Akommes zur Impfung gezwonge ginn.

Hei de Communiqué vun der Partei: https://piraten.lu/reaktioun-22-12/

Hei fannt dir dem Sven Clement seng 2 Rieden dozou:

https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3506/sequence/189464.html

https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3511/sequence/191091.html

Mir haten nom éischten Text eng flott Grafik zesumme gestallt déi al d’Mesure sollt zesummefaassen. https://bit.ly/3dVyeBh Dës muss elo leider nach eemol iwwerschafft ginn.

 

Mir hunn dëse Mount natierlech och erëm eng ganz Partie Froe gestallt.

Zum Thema Deier Ambulanz Rechnungen: https://piraten.lu/ambulanzen/

Zur Sécherheet vun den Zertifikater vun de Schnelltester aus der Schoul: https://piraten.lu/zertifizeiert-schnelltester-aus-de-schoulen/

An de neie Covid-Medikamenter: https://piraten.lu/fro-lu-eischt-covid-19-medikamenter-zougelooss/

An de Konsequenze vun der 2g+ Reegelung fir Jonker déi net geboost kënne ginn: https://piraten.lu/2g_no_booster/

 

Ëmmer erëm hire mir vu gefälschten Zertifikater déi d’CovidCheck App net erkennt. De Sven Clement huet schonn e puer esou Fauxe beim Parquet gemellt an och eng Motioun an der Chamber deposéiert fir, d’App séier unzepassen: https://piraten.lu/covidcheck-applikatioun/

 ***

Hunn iech nach Theme gefeelt, zu deenen dir hätt wéilte méi wëssen?

Iwwert deen heite Link kënnt dir ee personaliséierten Newsletter ufroen oder upassen : https://piraten.lu/newsletterumeldung/

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023