Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount August 2022

Et ass Zäit fir d’Neiegkeete vum Mount August!

Wärend d’Chamber nach an der Summerpaus ass, hunn d’Piraten trotzdeem fläisseg weider geschafft.

Wéi gewinnt fannt dir hei en thematesche Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount August 2022.

Aussepolitik

De 25te Juli huet de Conseil des maladies infectueuses eng iwwerschaffe Recommandatioun zum Asaz vum Monkeypox-Vaccin verëffentlecht. Lëtzebuerg krut 1400 Dose fir d’Krankheet ze bekämpfen. Mee geet dat duer fir all déi Intresséiert a concernéiert ze impfen? De Sven Clement huet nogefrot: https://piraten.lu/fro-lu-monkeypox-vaccin/

Bildung

Am September 2020 huet de Verband Bildung und Erziehung (VBE) an Däitschland d’Resultater vun enger Ëmfro zu Gewalt géint Schoulpersonal an Däitsche Schoule presentéiert. 40% vun de Schulleitungen a Grondschoulen hunn hei kierperlech Aggressioune géigeniwwer dem Léierpersonal uginn. Wéi gesäit et zu Lëtzebuerg ass? U wien sollen sech d’Enseignanten am beschte wenden, wann si Affer vun esou Gewalt sollte ginn? U wien sollen sech d’Kanner am beschte wenden, wann si Affer vun esou Gewalt sollte ginn? De Sven Clement huet nogefrot: https://piraten.lu/fro-lu-agressionen-an-grondschoulen/

Déiereschutz

An engem Artikel op rtl.lu vum 27te Juli 2022 heescht et: “D’Déiereschutzgesetz vun 2018 wier gutt, mä et géing net ëmgesat ginn, soen d’Vertrieder vun diversen Déiereschutzorganisatiounen.” Rieds geet an dësem Reportage vun iwwergefëllten Déierenasyler ronderëm d’Land: et feelt entweder u Plazen an den Opfangstatiounen oder jee no Regioun fënnt een iwwerhaapt keng Opfangstatioun oder een Déierenasyl. Fir eis Pirate mussen hei Léisungen hir. De Staat muss weider Déierenasyler matfinanzéieren an opbauen: https://piraten.lu/deiereschutz_fro/

Digitalisatioun a Medien

Enn Juli koum et bei der Creos zu enger Cyberattack. D’Piraten hunn an enger urgenter Fro gefrot, wat fir Donnéë betraff sinn, an och nodeems d’Creos elo déi Betraffen informéiert huet, bléiwen nach oppe Froen:

https://piraten.lu/dateklau-bei-encevo-bankkonten/

https://piraten.lu/creos-cyberattack/

Ëffentlechen Déngscht

Mobbing taucht net nëmmen am Privatsecteur op, mee kann iwwerall geschéien, wou Mënsche verschiddenster Natur zesummekommen. Dofir existéiert och beim Staat de Service Psychosocial (SPS) als Ulafstell, fir de Staatsbeamten an esou Situatiounen ze hëllefen. D’Piraten hunn nogefrot, wat déi Betraffe genau un Hëllefe kënne kréien: https://piraten.lu/mobbing-am-effentlechen-dengscht/

Innepolitik

D’Regierungen a ganz Europa warnen virun engem kale Wanter a ruffen dozou op Energie ze spueren. De Marc Goergen huet nogefrot, wat d’Gemenge kënne maachen, fir hiren Deel bäizedroen: https://piraten.lu/aspuerung-vun-energie-gemengen-staat/  

Integratiounspolitik

Et ass erëm ee waarmen an dréchene Summer zu Lëtzebuerg. De Klimawandel ass keen Zukunftsszenario méi, mee eist Land ass elo mattendran. Déi aktuell Hëtzt an d‘Wiederextremer treffe virun allem déi Schwächst an eiser Gesellschaft. D’Pirate fuerderen dowéinst vehement, dass d’Wanteraktioun duerch eng “Summeraktioun” ergänzt gëtt. Schonn am Juli hate mir der Ministesch fir Integratioun (DP) eng dringend parlamentaresch Fro geschéckt. Dës gouf vum Chamberspresident (DP) awer net als dringend empfonnt. Dofir hu mir am August nach emol e Communiqué nogeschéckt, well et schnell an onbürokratesch Moossname gebraucht hätt: https://piraten.lu/comm_summeraktioun/

Justiz

Fir ASBLen, grad ewéi Entreprisen, gëllt d’Flicht, fir sech am LBR androen ze loossen an do reegelméisseg d’Bénéficaires effectifs an d’Bilanen ze hannerleeën. Am Fall, wou dëst net gemaach gëtt, si Strofe virgesinn. Eis Piraten ass an dësem Kader ee Fall zougedroe ginn, laut deem de President vun enger ASBL doheem vun der Police opgesicht gouf an an de Policebüro convoquéiert gouf, well d’Bénéficairen net kommunizéiert gi waren. Mir hunn heizou eng Fro gestallt: https://piraten.lu/androe-informatiounen-am-lbr/

Logement

Mir brauchen dréngend méi soziale Wunnengsbau am Land. D’SNHBM huet hei eng wichteg Roll ze spillen. Een Artikel op rtl.lu vum 5ten August weist awer, dass et bei verschiddene Baute vun der SNHBM ganz schlëmm Defekter ginn. Rieds ass vu Schimmel, Infiltratiounen, enger schlechter Ventilatioun, déi fir stéckeg Wunnenge suergt, a geschréipste Fënsteren. D’Piratendeputéiert hu beim Minister Kox no Erklärunge gefrot: https://piraten.lu/baupfusch-bei-der-snhbm/

Mobilitéit

An eisem Nopeschland Däitschland lafe wéinst dem Chaos op ville Fluchhäfen aktuell Diskussiounen doriwwer, d’Vorkassen-Prinzip bei Fluchbuchungen z’iwwerdenken. Déi däitsch Verbraucherzentrale proposéiert, dass een d’Ticketen och sollt kënnen direkt beim Check-in bezuelen. Dat géif nämlech verhënneren, dass vill Leit mussen hire Remboursementer hannendru lafen, wann ee Fluch mol stornéiert gëtt. Wier dat och eng Iddi fir Lëtzebuerg? https://piraten.lu/fligerticket-um-counter/

Fir de 26ten September ass eng Tripartite am Aviatiounssecteur virgesinn, fir iwwert d‘Situatioun bei der Luxair ze schwätzen a Léisungen ze fannen. De Minister huet an engem RTL-Interview ugedeit, datt doriwwer wäert diskutéiert ginn, de Chômage partiel bei der Luxair net méi virunzeféieren. Et gëtt de Verdacht, dass d‘Luxair Externer hëlt an hir Leit am Chômage partiel bleiwe mussen: https://piraten.lu/tripartite-luxair/

Am Abrëll huet de Marc Goergen sech scho beim Minister iwwert d’Zukunft vun de Gas-Busse beim TICE an de Konsequenze vun den héijen Energiepräisser informéiert. D’Situatioun huet sech säit dem Mee, wat dës Punkten ugeet, net verbessert. De Minister hat erkläert, dass et beim RGTR an dem TICE zu automatesche Budgetsupassunge wéinst den Dreifstoffkäschte ka kommen. Mir hunn nach emol nogefrot: https://piraten.lu/konsequenze-energie-busgesellschaften-nofro/   

Natur an Emwelt

Den 22ten Juli huet ee Koalitiounspartner ugekënnegt, dass eng Reduktioun vun der TVA op d’Photovoltaik kënnt. Eisen Informatiounen no ginn et éischt Clienten, déi elo Zweiwel un hirer Commande hunn a léiwer wëlle waarden, bis d’TVA-Reduktioun do ass, fir hir Anlag ze kréien. Mir hunn nogefrot: https://piraten.lu/tva-reduktioun-op-photovoltaik/

Déi franséisch Regierung huet viru Kuerzem eng Sondererlabnis fir 5 Atomkraaftwierker ginn, déi et de Kraaftwierker erlaabt, méi waarmt Killwaasser zeréck an d’Flëss ze leeden. Dës Sondererlabnis gëllt bis den 11te September. Wéi ass et mam Atomkraaftwierk zu Cattenom? https://piraten.lu/cattenom-drechent/

Police an Arméi

Den 22ten Juli huet de Verdeedegungsminister matdeele gelooss, dass een interministeriellen Aarbechtsgrupp zum Thema Lethal Autonomous Weapon Systems kuerz “LAWS” géing opgestallt ginn, “dee sech mam Problem vun de ‚Killer Roboter‘ (Déidlech Autonom Waffesystemer) beschäftegt a sech international fir e strikten ethesche Kader asetzt.” D’Piraten hunn no Detailer gefrot: https://piraten.lu/fro-lu-laws-aarbechtsgrupp/

Fir ASBLen, grad ewéi Entreprisen, gëllt d’Flicht, fir sech am LBR androen ze loossen an do reegelméisseg d’Bénéficaires effectifs an d’Bilanen ze hannerleeën. Am Fall, wou dëst net gemaach gëtt, si Strofe virgesinn. Eis Piraten ass an dësem Kader ee Fall zougedroe ginn, laut deem de President vun enger ASBL doheem vun der Police opgesicht gouf an an de Policebüro convoquéiert gouf, well d’Bénéficairen net kommunizéiert gi waren. Mir hunn heizou eng Fro gestallt: https://piraten.lu/androe-informatiounen-am-lbr/

De 4ten August ass um Sprengplaz vun der Berliner Police ee Feier ausgebrach. Dat explosiivt Material, wéi Bomen a Feierwierkskierper ass dobäi a Brand geroden an explodéiert. D’Feier huet sech séier ausgebreet a konnt och 5 Deeg méi spéit nach net ganz geläscht ginn. Hei am Land kämpfe mir momentan och géint d‘Dréchent an d’Waldbrandgefor ass erhéicht. Wéi gesäit et mat der Sécherheet vun eisen Dépôte mat explosivem Material a Waffen an de Bëscher aus? https://piraten.lu/secherheet-depote-armei/

Santé

„Trodelvy“ ass ee Medikament, wat bei Kriibspatienten agesat gëtt an eisen Informatiounen no, och schonn hei zu Lëtzebuerg enregistréiert an agesat gouf. Fir et kënnen unzewenden, mussen awer eng extra Demande areechen. Mir hunn no Detailer gefrot: https://piraten.lu/einfachen-acces-zu-kriibsmedikamenter-asaz-vu-trodelvy/

De LNS bitt duerch säin “National Center of Genetics” verschidde Servicer un, fir genetesch Diagnostiken ze maachen an op verschidde Pathologien ze testen. Heifir gëtt de Patient/in vum Dokter un de LNS verwisen, wou et eisen Informatiounen no am Moment awer ganz laang Waardezäite gëtt. Mir hunn nogefrot: https://piraten.lu/fro-lu-genetesch-tester-beim-lns/

De 25te Juli huet de Conseil des maladies infectueuses eng iwwerschaffte Recommandatioun zum Asaz vum Monkeypox-Vaccin verëffentlecht. Lëtzebuerg krut 1400 Dose fir d’Krankheet ze bekämpfen. Mee geet dat duer fir all déi Intresséiert a concernéiert ze impfen? De Sven Clement huet nogefrot: https://piraten.lu/fro-lu-monkeypox-vaccin/

Mental Gesondheet: Wéi gutt sinn d’Psychiatrien zu Lëtzebuerg opgestallt? https://piraten.lu/encadrement-psychiatrien/ 

Wirtschaft

Den 22ten Juli huet ee Koalitiounspartner ugekënnegt, dass eng Reduktioun vun der TVA op d’Photovoltaik kënnt. Eisen Informatiounen no ginn et éischt Clienten, déi elo Zweiwel un hirer Commande hunn a léiwer wëlle waarden, bis d’TVA-Reduktioun do ass, fir hir Anlag ze kréien. Mir hunn nogefrot: https://piraten.lu/tva-reduktioun-op-photovoltaik/

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an