Réckbléck op den Januar 2023

Ahoi !

Elo sinn mir schonn am Superwaljoer 2023 ukomm an och dëst Joer informéieren mir dech natierlech iwwert alles wat de Mount virun, awer och an de kommende Wochen, bei eis an der Partei an der Faktioun esou leeft.

Lies hei no, wéi mir d’Joer 2023 esou gestart hunn:

Partei:

Den 16te Januar hate mir eis éischt Parteileedungssëtzung fir 2023. Hei goufen eng ganz Réi Punkten a Vue vun de Walen 2023 ugeschwat: https://piraten.lu/parteileedung-vum-16te-januar-2023-rapport/

Den 6te Feburar ass da schonn déi nächst Parteileedungssetzung.

Piraten After-work zu Esch den 10/2 

Adress:

Beim Lou (Brasserie Rex) 

22, Rue Louis Pasteur Esch-sur-Alzette

Chamber:

Natierlech goufe wéi ëmmer och vill parlamentaresch Froe gestallt a beäntwert.

Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren nach net. D’Äntwerte ginn ëmmer am Websäitebäitrag ënnert der Fro verlinkt, soubal dës virleien. Wann dir also virwëtzeg sidd, wat d’Regierung zu enger vun den nach net beäntwerte Froe wäert soen, surft roueg an e puer Wochen nach emol mat de Links  op dëser Säit laanscht a kuckt iech d’Äntwerten un.

Aussepolitik

De Rapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher wéisst kloer ob, dass et a Punkto Ënnerbréngung vu Geflüchteten nach ganz vill Baustelle ginn. Eng vun de Recommandatioune vum Okaju ass eng méi individuell Betreiung “droits de l’enfant by design” vun de Kanner an de Flüchtlingsstrukturen. Ufanks Januar gouf bekannt, dass am Gebai T um Kierchbierg bis zu 1167 Better sollen opgebaut ginn. Esou grouss Strukture maachen eng individuell Betreiung awer quasi onméiglech. Mir Piraten si fir mei kleng an verdeelte Strukturen hei am Land wou d’Leit an d’Awunner ronderëm sech wuel fillen.

https://piraten.lu/ausbau-vu-foyeren/

Déiereschutz

Zënter Joren héiert een ëmmer erëm, dass et eng Iwwerpopulatioun u Wëllschwäi géif ginn.. Wann een d’Ofschlosszuelen aus de leschte Joren awer kuckt, gesäit een, dass Joer fir Joer méi Wëllschwäin erschoss ginn. Do muss een sech och d’Fro stellen, ob d’Juegd an hirer aktueller Form nach ugepasst ass, fir d’Wëllschwäinpopulatiounen an de Grëff ze kréien.

Mir hunn dozou eng parlamentaresch Fro ausgeschafft.

https://piraten.lu/juegd-op-wellschwain/

Digitalisatioun

Am Januar war de Sujet vun der Vorratsdatespäicherung an der Aktualitéit nodeem an der Justizkommissioun den Entworf zu engem neie Gesetz virgestallt gouf. Mir sinn der Meenung, dass dat digitaalt Bréifgeheimnis, de Schutz vun der Anonymitéit an d’Onscholdsvermuddung an engem demokratesche Rechtsstaat mussen héichgehale ginn. Mat dësem Gesetz wäert d’Vorratsdatespäicherung net ofgeschaaft ginn an et gi weiderhin enorm vill Date gesammelt, wat eng Gefor fir d’Privatsphär am ëffentleche Raum ass. https://piraten.lu/schaaft-dvorratsdatespaicherung-of/

Gemengen & Innepolitik

D’Piraten haken weider no betreffend verschiddenen Dysfonctionnementer beim CGDIS a fuerdere vun der Inneministesch kloer Äntwerten :

https://piraten.lu/dekippen-beim-112-reckfro/

Integratioun

Am Beräich vun der Integratioun hunn mir d’Fro gestallt, firwat eng Persoun eng lëtzebuergesch Kontosnummer muss uginn, wann si verschidden Demarche bei Fonds national de solidarité ufroe wëllen. Eis louch aus vertrauleche Quellen e Bréif fir, wou eng europäesch Kontosnummer vum FNS net akzeptéiert ginn ass. Well dëst awer géint d’Prinzippie vun der Verkéiersfräiheet vu Kapital a Commerce ass, hunn mir direkt eng Question parlementaire dozou gestallt, wéi dat ka sinn. An der Äntwert op eis Question parlementaire gouf du gesot, dass den Demandeur just nach en Droit de séjour muss noweise kënnen an, dass op de Relevé d’identité bancaire an Zukunft géif verzicht ginn. https://piraten.lu/firwat-muss-ee-beim-fns-eng-letzebuergesch-kontosnummer-hannerleeen/

Dann krute mir iwwert Fro.lu eng Fro zu de staatlechen Ënnerstëtzungen am Sport fir Leit mat engem Handicap eran. Am Aktivitéitsrapport vum Sportsministère vun 2021 ass ze liesen, a wéi engem Montant de Staat déi verschidde Sportorganisatiounen a -Federatiounen 2021 ënnerstëtzt huet an heibäi komme verschidden Organisatioune besser ewech ewéi anerer. Mir wollte wëssen, wat fir Hëllefe fir Sportsevenementer fir Persoune mat Handicap virgesi sinn, wéi et zu deene groussen Ënnerscheeder bei den Aiden duerch de Staat kënnt, ob dës Aiden vun de sportleche Resultater ofhänken an ob deSportminister der Meenung ass, dass Organisatiounen, déi Offere fir Leit mat Aschränkungen ubidden, staark genuch ënnerstëtzt ginn.

https://piraten.lu/fro-lu-staatlech-ennerstetzung-vum-sport-fir-leit-mat-handicap/

Justiz

An der Chamber gouf am Januar och ee wichtegt Gesetz gestëmmt, wat et der Police erméiglecht, Kierperduerchsichungen duerchzeféieren. Heibäi gouf de Kader streng definéiert, fir Abus’en ze verhënneren. 

Kultur

Am Beräich vun der Kultur hu mir eis mam Denkmalschutz an dem Klassement vu Gebaier beschäftegt. Mir hunn an deem Kontext eng ganz Rei Froen zum Oflaf an de verschiddene Prozedure gestallt.https://piraten.lu/denkmalschutz-classement-vu-gebaier/

Landwirtschaft

An der Chamber gouf eng Debatt iwwert d’Diversifizéierung vun eiser Landwirtschaft gehalen. Eng wichteg Fro, déi sech gestallt gouf, war wéi d’Landwirtschaft vu muer soll ausgesinn a wéi eng Ziler eis Landwirtschaft soll hunn ? Fir d’Piraten ass d’Äntwert kloer : 

et muss drëm goen fir eng Landwirtschaft opzebauen, déi der Natur net wéih deet, an där d’Wuehl vum Déier um héchste Standard ass a vun där d’Baueren mat enger gudder Paie liewe kënnen. Lëtzebuerg muss sech net zu 100% selwer versuerge kënnen, och net zu 50%. An dofir soe mir och, mir sollte eis net op d’Sebstversuergung konzentréieren, mee d’Baueren hei am Land ënnerstëtzen fir op Qualitéit ze setzen.

Déi ganz Ried kënnt dir hei kucken : https://www.chd.lu/fr/seance/2831?sequenceId=151140

Logement

Och am Neie Joer bleift de Logement leider ëmmer nach een Aktualitéitsthema. D’Vertrieder vun de jonke Piraten, de Matthis an d’Mandy, loossen an hirer fräier Tribune op RTL hirer Meenung fräie Laf :

https://piraten.lu/rtl-tribune-libre-dmandy-arendt-an-de-mathis-godefroid-iwwert-dproblemer-vum-logement/

Wunnengskris 2.0. : an engem Artikel, deen am Lëtzebuerger Land publizéiert gouf, playdéiere mir fir een direkt Agräife vum Staat an de Wunnmarché. « Et ass de Moment vum Staat, fir eng potenziell Wunnengskris zu enger potenzieller Wunnengs-Opportunitéit ze maachen. […] et ass elo d’Chance fir soziale Wunnraum ze schafen andeems de Staat elo d’Commandë placéiert an dofir suergt, dass méi Sozialwunnenge gebaut ginn. »

https://piraten.lu/wunnengskris-2-0-eng-chance-fir-elo-staatleche-wunnraum-ze-schafen/

Mir wollten dann och nach eng Kéier d’Zuele vun der Regierung, fir ze gesinn, wéi déi héich Zënsen sech op d’Prêten fir Wunnengen auswierken :

https://piraten.lu/zensen-wunnmaart/

Mobilitéit

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire der Regierung gestallt hunn. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro op www.fro.lu

https://piraten.lu/fro-lu-date-vun-der-cfl/

Natur, Ëmwelt a Klima

D’Thema Energie war dann natierlech och dëse Mount nach eng Kéier ee grousst Thema a wäert et och bleiwen. Wichteg wier et ze verstoen a kënnen ze gesinn, wou eis Energie hirkënnt, op wéi eng Energiequellen déi lëtzebuergesch Ekonomie zeréckgräift, wou dës Energië landen a wéi effizient se um Wee vun der Quell bis un d’Zil verwäert ginn. De Lawrence Livermore National Laboratory huet zum Beispill fir déi US-amerikanesch Wirtschaft esou eng Visualiséierung vun dëse Flux’en a Form vun “energy flow charts” preparéiert. Mir hunn och den Energieminister no esou engem Modell gefrot : https://piraten.lu/energy-flow-chart/

Zur Energiewenn gehéieren och d’Wärmepompelen, se sinn net méi ewechzedenken als Alternativ zu fossillen Heizungen. Zënter kuerzem gi fir de Subside fir d’Wärmepompel (Klimabonus) och d’Schallemissiounen (Kaméidi) gekuckt.  https://piraten.lu/schallrechner-fir-warmepompelen/

Am Kader vun der Tripartite goufe finanziell Bäihëllefe fir Leit mat enger Pelletheizung gestëmmt, fir dësen Haushalter en vue vun de enorme Präissteigerungen ënnert d’Äerm ze gräifen. Dës Hëllefen ginn direkt um Präis vum Fournisseur verrechent. Fir dass de Fournisseur vun de Pellets dës Hëllefe kritt, muss de Client e Formular, eng Déclaration sur l’honneur, ausfëllen. Op dësem Formular sinn d’Angab vun enger ganz Rei vun Informatiounen obligatoresch. Dozou gehéiert och d’Sozialversécherungsnummer vum Client :https://piraten.lu/declaration-sur-lhonneur-fir-aide-bei-de-pellets/

Santé

Och wann dat Schlëmmste vun der Covid-Pandemie hannert eis ze leie schéngt, sou stellen sech bei de Vaccinen nach ëmmer eng ganz Rei u Froen. An der Äntwert op d’Fro Nummer 7434 huet d’Gesondheetsministesch erkläert, dass säit Ufank vun der Impfcampagne 155.660 Impfdosissen zerstéiert gi sinn, well de Verfallsdatum iwwerschratt war. Zudeem sinn 129.600 Impfdosisse vun Astra Zeneca, déi fir Lëtzebuerg geduecht waren, direkt beim Fournisseur zerstéiert ginn. Mir wollte wëssen, wéi dat ka sinn a wat dat Lëtzebuerg finanziell kascht huet.

https://piraten.lu/vaccinen-dei-zersteiert-gi-sinn-ar-se-geliwwert-konnte-ginn/

Iwwert Fro.lu krute mir dann nach eng Fro zu de Laboratoireskäschten eran. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall hätt de Labo d’Flicht, fir de Patient iwwert d’zousätzlech Käschten z’informéieren. Mir wollten dozou méi wëssen, zum Beispill wéi d’Virschrëfte do genau sinn.

https://piraten.lu/fro-lu-net-opklarung-vu-laboratoireskaschten/

Am Beräich vun der Santé war an der Chamber dann och nach een Debat iwwert de Contrôle médicale, wou iwwert eng ganz Rei vu Mëssstänn geschwat gouf. Fir eis gëtt et hei definitiv de Besoin fir Verännerungen afir eis wär et wichteg, dass jiddereen eng Begleetpersoun mat bei de Kontrolldokter kann huelen an dat net nëmmen an Ausnamefäll.

Sport

Dann krute mir iwwert Fro.lu eng Fro zu de staatlechen Ënnerstëtzungen am Sport fir Leit mat engem Handicap eran. Am Aktivitéitsrapport vum Sportsministère vun 2021 ass ze liesen, a wéi engem Montant de Staat déi verschidde Sportorganisatiounen a -Federatiounen 2021 ënnerstëtzt huet an heibäi komme verschidden Organisatioune besser ewech ewéi anerer. Mir wollte wëssen, wat fir Hëllefe fir Sportsevenementer fir Persoune mat Handicap virgesi sinn, wéi et zu deene groussen Ënnerscheeder bei den Aiden duerch de Staat kënnt, ob dës Aiden vun de sportleche Resultater ofhänken an ob deSportminister der Meenung ass, dass Organisatiounen, déi Offere fir Leit mat Aschränkungen ubidden, staark genuch ënnerstëtzt ginn.

https://piraten.lu/fro-lu-staatlech-ennerstetzung-vum-sport-fir-leit-mat-handicap/

Wirtschaft

Enger Etüd vum Luxembourg’s Fintech Innovation Hub aus dem November 2021 no ass d’Bezuele mat Boergeld nach ëmmer déi drëttbeléiftste Bezuelmethod zu Lëtzebuerg. Stëmmt et, dass een net mat Boergeld um Guichet an der Stad bezuele kann?

https://piraten.lu/borgeld/

Zesummenhang posts

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.