Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount Oktober

Ahoi,

Am vergaangene Mount goufen et dräi besonnesch wichteg Dossieren an der Chamber:
D’Ried zur Lag vun der Natioun, den Depot vum Budget 2022 an den éischte Vott vum 1. Projet vun der Verfassungsreform.

Hei ënnendrënner informéiere mir iech iwwert d’Detailer vun der parlamentarescher Aarbecht vun de Piraten aus dem Mount Oktober.

D’Ried zur Lag vun der Natioun ass ëmmer eng Chance op dat vergaangent Joer zeréck ze blécken a gläichzäiteg Pläng fir d’Zukunft ze maachen.
Ënnert dësem Link kënnt dir d’Ried vum Premier nach emol kucken:https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/SeancesPubliques/CalendrierSeances?ref=viewDate&date=2021-10-12T14:30:00
An hei kënnt Dir kucken, wat d’Piraten dem Premier geäntwert hunn:

https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3386/sequence/182977.html

 

Alles zum Budget fannt dir hei:
https://budget.public.lu/lb.html

 

Waat d’Verfassungsreform betrëfft, kënnt dir ënnert dësem Link méi Informatiounen iwwert d’Inhalter fannen https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/Constitution an iech iwwert eise Site https://matbestemmung.lu an der lafender Petitioun https://www.petitions.lu/signer/2007#form fir e Referendum staark maachen.

 

***

 

Digitaliséierung & Dateschutz

D’Piraten haten eng Heure d‘Actualité iwwert d’Spionagesoftware Pegasus ugefrot.

https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3407/sequence/183851.html

 

Gläichzäiteg hu mir d’Regierung opgefuerdert, der Chamber an enger Kommissiounssëtzung Informatiounen doriwwer ze liwweren, wéi Iwwerwaachungs- a Spionagesoftware duerch d’Justiz an d’Exekutiv hei am Land benotzt gëtt.
https://web.piraten.lu/kontroll-vu-iwwerwaachungs-a-spionagesoftware/

 

Wéi steet et ëm den Dateschutz vun de Kanner aus de Schoulen am Kader vun der Covid-Kris. Ginn hei medezinesch Donnéeën onduerchsichteg traitéiert? Mir hunn nogefrot: https://web.piraten.lu/impfleschten-an-der-schoul/

 

Duerch dat ëmmer gréisstert Opkomme vu Kryptowärungen, kënnt och de Lëtzebuerger Staat an seng Beamten ëmmer ëfters mat dësen a Kontakt. Mir wëlle wëssen, wéi de Staat virgeet, wann Cryptowährungen beschlagnahmt ginn.

https://piraten.lu/wei-geet-de-staat-mat-kryptowarungen-em/

 

 

Santé

D’Covid-Gesetz huet misste verlängert ginn an d’Regierung huet zesumme mat de Regierungsparteien déi Ëmstridde Mesure geholl, de Covid-Check op der Aarbechtsplaz ze erméiglechen. Kuckt hei d’Ried vum Sven Clement zum aktuelle Covid-Gesetz:
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3403/sequence/183491.html

 

Bei enger Rei Invitatiounen fir d’Covid-Impfung ass eppes schif gaangen. Mir wollte wësse wisou:

https://web.piraten.lu/covid-invitatiounen/

Wéi gesäit et aktuell mat de Waardezäiten am IRM aus? Mir hunn nogefrot:
https://web.piraten.lu/fro-lu-waardezait-irm/

 

Wien dierf wéini aus der Quarantän? Mir wollte méi Detailer wëssen iwwert d‘Autorisations de Sortie, déi vun der Santé kënnen ausgestallt ginn:

https://web.piraten.lu/wien-dierf-weini-aus-der-quarantan/

 

Gëtt et nees eng Penurie u medezineschem Cannabis?

https://web.piraten.lu/fro-lu-weider-penurie-beim-medezinesche-cannabis/

 

Bildung

Wéi steet et ëm den Dateschutz vun de Kanner aus de Schoulen am Kader vun der Covid-Kris. Ginn hei medezinesch Donnéeën onduerchsichteg traitéiert? Mir hunn nogefrot:

https://web.piraten.lu/impfleschten-an-der-schoul/

 

 

Integratioun & Soziales

Wéi ginn zu Lëtzebuerg Affer vu Mëssbrauch duerch Glawensgemeinschaften encadréiert a geet dësen Encadrement der Regierung no duer?
https://web.piraten.lu/opschaffung-vu-messbrauchsfall-an-der-kierch/

 

Justiz

Et gouf en éischte Vott fir d’Verfassungsännerungen déi d’Justiz betreffen. Dir kënnt ënnert dësem Link méi Informatiounen iwwert d’Inhalter vun de verschiddeneReformprojete fannen https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/Constitution an iech iwwert eise Site https://matbestemmung.lu an der lafender Petitioun https://www.petitions.lu/signer/2007#form fir e Referendum staark maachen.

 

Wéi ginn zu Lëtzebuerg Affer vu Mëssbrauch duerch Glawensgemeinschaften encadréiert a geet dësen Encadrement der Regierung no duer?
https://web.piraten.lu/opschaffung-vu-messbrauchsfall-an-der-kierch/

 

Logement

Eise Gesetzesvirschlo fir d’Spekulatioun mam Bauland ze bekämpfen:

https://web.piraten.lu/ppl-bauterrain/

 

 

Mobilitéit

Dëse Mount hu mir och nach eng weider Fro iwwert d’Internetverdingungen am ëffentlechen Transport gestallt: https://web.piraten.lu/internet-et/

 

Am Moment schaffe verschidde Firmen un der Produktioun vu reng elektresch bedriwwene Camionen. Éischt Modeller, déi bis zu 650km Reechwäit sollen hunn, si schonn um Marché. Hei ass et interessant ze wëssen, wéi de Staat de Wandel hin zu méi Elektromobilitéit begleet:

https://web.piraten.lu/primme-fir-e-camionen/

 

 

Klima & Ëmwelt

Leschte Mount hunn d’Ministère fir Energie an Ëmwelt een éischte Klimamagazine publizéiert. Ënnert dem Numm “CO2OL- Zesumme fir ee gutt Klima” gouf dësen un d’Stéit zu Lëtzebuerg verdeelt. Firwat ass een hei net op eng digital Léisung higaangen? Mir stellen eis d’Fro, ob esou grouss Drockopträg ee gesonden Ëmgang mat Ressource sinn: https://web.piraten.lu/co2ol-magazine/

 

Wat eng nohalteg Energieproduktioun ugeet, do ass et elo esou, dass Frankräich ugekënnegt huet, fir weider um Ausbau vun der Atomenergie ze schaffen. Wéi France24 an engem Artikel vum 12ten Oktober schreift, wier d’Zil bis 2030 vill kleng Atomreaktere mat Kapazitéite bis zu 300 Megawatt bauen ze loossen. Dat fanne mir besuergniserreegend a froen eis, wéi eist Land mat dëser Situatioun bei eisem Noper wäert ëmgoen: https://piraten.lu/frankraich-atomstroum/

 

 

Finanzen

 A Punkto Finanzen, huet den Deputéierte Marc Goergen nogefrot, wéi vill vun deenen 100 Milliounen déi un Hëllefe fir Betraffener vum Héichwaasser Mëtt Juli dëst Joer versprach waren, wierklech ausbezuelt goufen:

https://piraten.lu/iwwerschwemmungen-wat-gouf-un-hellefen-ausbezuelt/

 

De Sven Clement huet dann nogefrot, wat Lëtzebuerg wäert ënnerhuelen, fir déi 2,2 Milliarden u Steiergelder déi Lëtzebuerg laut Journaliste vu Reporter.lu duerch Cum-Ex Geschäfter verluer huet, erëm rëm ze kréien:

https://piraten.lu/22-milliarden-euro-u-steiereinnamen-verluer/

 

Gläichzäiteg stellt sech och d’Fro, wéi d’CSSF mat Fongen ëmgeet, déi mussen ënner Tutelle gestallt ginn, wëll Abuse vermutt ginn:

https://piraten.lu/fongen-ennert-der-tutelle-vun-der-cssf/

 

 

***

 

Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren nach net. D’Äntwerte ginn ëmmer am Websäitebäitrag ënnert der Fro verlinkt, soubal dës virleien. Wann dir also virwëtzeg sidd, wat d’Regierung zu enger vun den nach net beäntwerte Froe wäert soen, surft roueg an e puer Wochen nach emol mat de Links op eiser Websäit laanscht a kuckt iech d’Äntwerten un.

 

Hunn iech nach Theme gefeelt, zu deenen dir hätt wéilte méi wëssen?

Iwwert deen heite Link kënnt dir ee personaliséierten Newsletter ufroen oder upassen : https://piraten.lu/newsletterumeldung/

Zesummenhang posts

Zu Rodange gëtt de Bau vun engem Jugend- a Familljenhotel geplangt. Dëse Projet stéisst op Widderstand vu Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng, well
D’Office Sociaux’en hei am Land leeschten ee wichtegen Déngscht, fir deene Leit, déi et hei am Land finanziell net iwwert Ronne packen, ënnert d’Äerm
An mindestens engem Foyer fir Leit déi op Lëtzebuerg geflücht sinn elo am Wanter Zoustänn, déi esou fir Kanner an och Erwuessener net gutt