Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Juni 2022

Newsletter Juni 2022

Ahoi,

Et ass Zäit fir d’Neiegkeete vum Mount Juni!

Direkt zwee nei Covid-Gesetzer goufen am Juni an der Chamber gestëmmt an eis Deputéiert haten déi grouss Éier de Volodymyr Zelensky, de Präsident vun der Ukrain, iwwert e Livestream an der Chamber ze héieren.

Doriwwer eraus gouf et dräi Sëtzungswochen, wou nach eng ganz Rei aner Sujeten um Ordre du jour stoungen an natierlech goufe wéi ëmmer och vill parlamentaresch Froen gestallt a beäntwert. Dofir fannt Dir hei wéi gewinnt e Réckbléck, fir dass dir och näischt verpasst.

Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren nach net. D’Äntwerte ginn ëmmer am Websäitebäitrag ënnert der Fro verlinkt, soubal dës virleien. Wann dir also virwëtzeg sidd, wat d’Regierung zu enger vun den nach net beäntwerte Froe wäert soen, surft roueg an e puer Wochen nach emol mat de Links  op dëser Säit laanscht a kuckt iech d’Äntwerten un.

Aarbecht

A Punkto Aarbecht hunn d’Piraten dëse Mount bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi effektiv d’ITM als Kontrollfunktioun ass, a wat een nach verbessere kann, fir d’Aarbechter ze schützen:

https://piraten.lu/deidlech-aarbechtsaccidenter/

Aussepolitik

Wéi den Ausseministère iwwer Twitter gemellt huet, huet de Minister Jean Asselborn op Invitatioun vun der Volkswagen AG den 30.06.2022 am däitsche Braunschweig en Impulsvirtrag zum Thema “Paradigmenwechsel in Europa nach dem russischen Angriffskrieg in der Ukraine” gehalen. Mir Pirate fannen dat onethesch an hunn nogefrot, op de Minister heifir bezuelt gouf:
https://piraten.lu/virtragshonorar-ausseminister/

Bildung

D‘Ongleichheeten an eisem Bildungssystem sinn ëmmer nach e grousse Problem. Am Kader vun enger Interpellatioun huet de Sven Clement sech heizou geäussert: https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3660/sequence/202259.html

D’Chamber huet gréng Luucht ginn fir eng weider Europaschoul:
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3666/sequence/203024.html

D’Aarbechtskonditioune vum psychosoziale Personal aus de Kompetenzzentre war Thema an der Chamber:
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3666/sequence/203036.html

Wat kënne mir aus der Pandemie leiere mat besonneschem Bléck op d’Jugend? Dat war d’Fro vun enger Diskussioun an der Chamber:
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3674/sequence/203404.html

All Joer schreiwen d’Primärschoulschüler um Enn vum Cycle 4.2 d’Epreuvë vum PFS (Passage de l’enseignement fondamental à l’enseignement secondaire). Wann d’Elteren an d’Léierpersonal sech net eens gi bei der Orientéierung, kann eng Orientéierungskommissioun aberuff ginn, déi dann eng Entscheedung trefft:
https://piraten.lu/orienteierungskommissiounen/

Déiereschutz & Landwirtschaft

D’Déiereschutzorganisatioun Amiavy asbl beriicht an engem Post vum 27te Mee 2022 op de soziale Medien dovunner, dass rezent ee Bauerenhaff zougemaach gouf, wou Déiere jorelaang ënnert onwierdege Bedingungen hu misste liewen. D’Fotoe weise knaschteg Fudderstellen an ofgemagert Déieren. Et huet 6 Joer gedauert, bis dass dëse Betrieb zougemaach gouf. Dat dierf net sinn an et muss an Zukunft méi schnell gehandelt ginn!
https://piraten.lu/deiereschutz-op-bauerenhaff/

Digitalisatioun

D’Pirate maache sech staark géint déi europäesch Pläng iwwert d’Chatkontroll an hunn an deem Kontext eng Heure d’actualité an der Chamber ugefrot an eng Motioun deposéiert:
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3674/sequence/203406.html
https://piraten.lu/protektioun-vum-dateschutz-chatcontrol/

Well een d’Produktioun an d’Verbreedung vu sougenannte CSAMen och ganz ouni Chatkontroll andämme kann, hunn d’Piraten heizou och eng Motioun agereecht: https://piraten.lu/child-sexual-abuse-material/

Ëmwelt, Klima & Natur

D’Piraten wieren sech, als Member vum Nationalen Aktiounskomitee géint Atomkraaft , ganz kloer dogéint, dass Atomkraaft als nohaltëg Energiequell ugesi gëtt. Op eiser Website hu mir de Bréif vum Aktiounskomitee publizéiert, deen drun erënnert, firwat Atomenergie niemols eng Alternativ zu erneierbaren Energien ka sinn:

https://piraten.lu/kein-grunes-finanz-label-fur-atom-gas-etikettenschwindel-mit-der-parlaments-abstimmung-anfang-juli-stoppen/

Des Weideren hu mir an der Chamber eng Keier erkläert, firwat d’Beibehale vun engem fossilen Energiesystem och keng nohaltëg Léisung ass:
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3681/sequence/204144.html

D’Piraten wullen am Dreck vum Ëmweltministère: Dossier Superdreckskëscht. Ee ganzt Joer hu mir eis mam Dossier SuperDrecksKëscht bechäftegt, wou vill Ongereimtheete geschitt sinn a wou d’Regierungsparteien elo decidéiert hunn, de Projet trotzdeem mat weidere Milliounem ze finanzéieren:
https://piraten.lu/dossiersdk/

Famill

Wéi oft kréien Elteren eng Demande, fir Congé parental unzefroen, refuséiert? Mir hunn no Détailer gefrot:
https://piraten.lu/refus-vum-conge-parental/

All Joer schreiwen d’Primärschoulschüler um Enn vum Cycle 4.2 d’Epreuvë vum PFS (Passage de l’enseignement fondamental à l’enseignement secondaire). Wann d’Elteren an d’Léierpersonal sech net eens gi bei der Orientéierung, kann eng Orientéierungskommissioun aberuff ginn, déi dann eng Entscheedung trefft:
https://piraten.lu/orienteierungskommissiounen/

Finanzen

De Marc Goergen huet an enger fräier politescher Tribün iwwert den Index geschwat:

https://piraten.lu/de-marc-goergen-bei-rtl-an-der-frai-politescher-tribun/

D’Piraten hunn d’Rekommendatioune vun der IWF fir Lëtzebuerg op de Leescht geholl a bei der Regierung nogefrot, wéi si dozou steet:

https://piraten.lu/recommandatioune-vum-iwf-steierreform/

Kultur

Den immaterielle Patrimoine war d’Thema vun enger Interpellatioun an der Chamber: https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3659/sequence/202032.html

Landesentwécklung

An der Chamber hunn d’Piraten de Projet vun der neier Ettelbrécker Gare kritiséiert : aus Grënn vum Patrimoine an och dem Ëmweltschutz:
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3664/sequence/202546.html

Logement

Den internationale Währungsfong (IWF) huet Lëtzebuerg e puer Proposen gemaach, fir d’Wunnengskris unzegoen. Mir wëlle wëssen, wéi d’Regierung sech zu dëse Recommandatiounen positionnéiert:
https://piraten.lu/recommandatioune-vum-iwf-fir-de-wunnengsmarche/

D’Piraten wëlle méi Wunnraum an der ëffentlecher Hand. Dofir muss de Staat seng Verantwortung iwwerhuelen. De Marc Goergen huet Positioun bezunn zur aktueller Wunnengspolitik a d’Iddie vun de Piraten hei virum Minister an der Chamber verdeedegt:
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3682/sequence/204501.html

Police & Arméi

Den 28te Mee huet an der Stad erëm den ING Night Marathon stattfonnt. Ewéi bei all groussem Event, hunn och hei Leit vum CGDIS an der Police fir d’Sécherheet vun de Leeferinnen a Leefer an den Zuschauer gesuergt. Wéi vill Prozent vun de Käschte déi vun der Police geleescht goufen, si vum Organisateur iwwerholl ginn ?
https://piraten.lu/cgdi-police-ing-night-marathon/

Enger Ëmfro vum RTL 5minutes no hunn 73 Prozent dofir gestemmt, dass et als Motoradsfuerer erlaabt sollt sinn, am Stau tëscht den Autoen ze fueren. D’Diskussioun ass ënnert anerem opkomm, well de Slalom am Stau an der Belsch an a Frankräich a verschiddenen Departementer legal ass. Wéi gëtt zu Lëtzebuerg kontrolléiert?
https://piraten.lu/motoskontrolle/

Santé

Déi 2 nei Covid-Texter vum Juni hunn eng Rei Lockerunge mat sech bruecht:
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3664/sequence/202534.html
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3682/sequence/204489.html

Iwwert fro.lu krute mir eng Fro gestallt iwwert d‘Indemnité de voyage, op Basis vun där mir eng parlamentaresch Fro ausgeschafft hunn:

https://piraten.lu/fro-lu-indemnite-de-voyage/

Sport

Mir hunn eng Fro gestallt iwwert den Asaz vum CGDIS an der Police beim ING Night Marathon:
https://piraten.lu/cgdi-police-ing-night-marathon/

E Samschdeg, den 11ten Juni 2022, huet d‘lëtzebuerger Fussball-Nationalequipe vun den Hären e Match gespillt, bei dee et zu chaoteschen Zoustänn koum. Mir hunn nogefrot wéi et mam Sécherheetskonzept ausgesäit:
https://piraten.lu/chaos-am-neie-fussballstadion/

Wirtschaft

Am Juni gouf een éischten Deel vun den Tripartite Mesure gestëmmt. Mir Pirate si géint den Indexklau a géint eng Géisskanepolitik bei de Betriber. Hei kënnt der dem Sven Clement seng ganz Ried lauschteren:

https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3667/sequence/203181.html

An der Chamber gouf dann och iwwert den Tanktourismus geschwat, fir eis Pirate soll de Lëtzebuerger Staat net weider Pëtrolsfirme finanzéieren, mee deene Leif hëllefen, déi et brauchen. Hei dem Sven Clement seng Ried dozou: https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3681/sequence/204144.html

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Zesummenhang posts

A menger parlamentarescher Fro N°8287 wollt ech wëssen, wéi d’lëtzebuerger Regierung zur sougenannter Chatcontroll steet. Déi europäesch Pläng zur Chatcontroll, déi an der Propose
Leschte Mount hunn ech de Minister zur Ënnerbrengung vum Embassadeur zu New York befrot. Den Bausseminister huet erkläert, dass den Ambassadeur a permanente Vertrieder