Reaktioun: Parlamentaresch Fro n°1793 iwwer d’Dokteraarbecht vun der Prinzessin Claire

D’Parteileedung vun de PIRATEN hëllt d’Berichterstattung zur Kenntnis, déi iwwert d’parlamentaresch Fro n°1793 vum Deputéierte Sven Clement iwwer d’Dokteraarbecht vun der Prinzessin Claire geschriwwe gouf.

D’Ofsiicht hannert der parlamentarescher Fro war et, fir dat gesondheetspolitescht Thema vun der Organspend ze stäerken. Am Interessi vun der ëffentlecher Gesondheetsdiskussioun wier et ze begréissen, wann esou wichteg Aarbechten am Allgemengen enger méi breeder Ëffentlechkeet zougänglech gemaach géif ginn. Fir esou dat liewenswichtegt Thema Organspenden ze promouvéieren.

D’Parteileedung wëll heimadder d’Positioun kloerstellen, dass d’Partei an eng grouss Majoritéit vu senge Membere weiderhi kloer zur lëtzebuergescher Monarchie steet an d’Legitimitéit vun der Monarchie souwéi der groussherzoglecher Famill a kengster Weis a Fro stellt.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt