Fir eis Piraten si Biergerbedeelegung a Selbstbestëmmung wichteg. Dofir läit et eis och um Häerzen, dass d’Bierger selwer kënnen decidéieren, wéi a wou si sech informéieren an engagéieren. Mir roden all de Parteien un, sech un d’Walofkommes an d’Walgesetz ze halen.
D’Pirate ware vu Persoune kontaktéiert ginn, déi sech duerch d’Aktioun vun déi Lénk Stad belästegt gefillt hunn. Mir si mat de Virwërf un d’Partei erugetrueden, déi sech awer net am Feeler gesinn huet. Doropshi wollte mir Pirate Kloerheet schafe mat enger Question parlementaire un de Premier. Ugesiichts vun der Äntwert vum Premier op eis parlamentaresch Fro n°7690 ware mir dunn dozou verflicht, fir den Dossier un de Parquet weider ze ginn, esou wéi et den Artikel 23, paragraphe 2, du Code de procédure pénale virgesäit.
Mir sinn a bléiwen der Meenung, dass d’Belästegung vun eise Matbierger géint den Artikel 95 (4) vum Walgesetz verstéisst. Biergerbedeelegung ass ee wichtegt Thema fir eis Piraten, wéi mir schonn duerch vill Aktiounen an der Chamber an eis Plattforme fro.lu a mengleisung.lu gewisen hunn.
Wann een sech als Partei wëll fir d’Aschreiwung vu Residenten op de Wielerlëschte staark maachen, da muss een sech un d’Gesetzer halen. Net-Lëtzebuerger Residenten hunn hei dat selwecht Recht op Privatsphär wéi all aner Residenten. Déi Lénk hunn net d’Initiative ergraff, fir eng Ännerung vum Walgesetz z’erwierken a wëllen sech elo einfach iwwert d’Gesetz ewech setzen. Mir Pirate setzen eis reegelméisseg fir méi Participatioun an, esou dës lescht nach am Kader vun de 50 Ënnerschrëften, déi ee brauch fir eng Kandidatelëscht ze deposéieren. Mir ënnerstëtze Projeten, fir d’Biergerbedeelegung ze stäerken, mee mir sinn an engem Rechtsstaat och verflicht, eis u geltend Gesetzer ze halen.