Reaktioun op déi ugekënnegt nei Covid-Mesuren 22.12

Communiqué

Nodeems d’Chamber eréischt viru manner wéi enger Woch een neit Covid-Gesetz gestëmmt huet, muss elo schonn erëm nogebessert ginn. Mir Piraten hunn schonn beim leschte Gesetz een Covid-Check+ gefuerdert a bedaueren, dass d’Regierung elo eréicht agéiert.

Mir hunn bei dem leschte Gesetz kloer gemaach, dass eis d’Mesuren a Saachen Tester net wäit genuch ginn. Mir stoungen a stinn zu engem + System am Covid-Check-Regimm (de + sinn an dësem Fall d’Schnelltester).

De Sven Clement sot dozou d’lescht Woch an der Chamber:
“”Grad an Zäiten, an deene jidderee sech online e gefälschte Certificat kafe kann, muss een einfach nach méi virsiichteg ginn. E verstäerkt Teste vun Net-Geimpfte genee wéi och Geimpfte bitt eng wichteg zousätzlech Sécherheet, och wann d’Impfung am Kampf géint de Virus natierlech eis wichtegst Waff bleift.””

Mir hätten eis gewënscht, dass d’Regierung éischter op eis gelauschtert hätt. D’wëssenschaftlech Situatioun huet scho länger ugedeit, dass de Covid-Check ze vill Schlupflächer huet. Fir eis Piraten muss all Biergerin an all Bierger d’Méiglechkeet hunn, fir sech eemol den Dag mat engem Schnelltest ze testen, fir esou sech an Anerer virum Virus ze schützen. 

Mir sinn dann och mam 2G+ am Horeca-Secteur d’Accord, ënnert der Konditioun, dass d’Hëllefen, wéi vum Premier wärend der Pressekonferenz versprach, erëm no uewen ugepasst ginn an d’Covid-Check-App elo séier geupdate gëtt. D’Schnelltester beim 2G+ sollten awer nëmmen fir Persoune gëllen, déi sech scho boostere kënne loossen. Anerefalls ginn hei virun allem déi Jonk bestroft, déi eréischt méi spéit hir éischt Impfungen kruten an déi awer elo schonn 2 Joer solidaresch sinn an hiren Deel an dëser Pandemie bäidroen.

Och wann et op de Büroen elo méi roueg gëtt, esou muss och hei am neie Joer méi op Tester gesat ginn, dëst onofhängeg vum 3G op der Aarbechtsplaz, dee mir Piraten net kënnen akzeptéieren. Ee Pay-to-work bléift fir eis een No Go. 

Déi zousätzlech Schnelltester dierfen d’Salariéeën näischt kaschten an d’Fraise fir dës Tester ze kafe mussen (op mannst deelweis) vum Staat iwwerholl ginn, respektiv mussen zousätzlech kaafte Schnelltester un d’Betriber verdeelt ginn.

Keng vun de Mesuren fir de Virus anzedämmen ass perfekt, dofir musse mir vill verschidden onperfekt Moossnahmen iwwerteneen leeën, fir esou sou perfekt wéi méiglech ze ginn. De sougenannten “Kéisscheiwemodell” weist kloer, datt Testen, Masken, Impfen, Distanz, Lëften an Hygiène wichteg Facteure sinn fir d’Feierdeeg sou sécher wéi méiglech ze verbréngen.

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister