Reaktioun zu de rassisteschen Aussoen an der Chamber

Am Folgenden ee Bréif, deen d’Piraten un d’Chamber geschéckt hunn:

Här President,

Wéi d‘Studie vun der European Agency for Fundamental Rights „Being Black in Europe“ beseet, befënnt sech Lëtzebuerg op den éischte Platzen, wat Rassismus an Diskriminéierung vis-à-vis vun der donkelhäiteger Communautéit ugeet (FRA-Rapport 2018: 13 & 37). Virun dësem erschreckende Constat, hätt ech mir e wéineg méi eng differenzéiert Diskussioun an der Kommissiounssëtzung vum 14ten November 2019 erwaart.

Als Member vun der Kommissioun fir Bannenzeg Sécherheet wëll ech Iech mäin Onmutt ausdrécken iwwert d’Aussoen, déi den Här Minister fir Bannenzeg Sécherheet souwéi verschidden aner Deputéierten an der leschter Kommissiounssëtzung vum 14ten November 2019 gemaach hunn. 

Et war déi rezent Festnam vu Membere vun engem Grupp Drogendealere mat nigerianescher Hierkonft, déi de Minister zu sengen Aussoe beweegt huet, mee ee konkrete Fall däerf net dozou féieren, dass an der Kommissioun Aussoe gemaach ginn, déi d’Nigerianer geziilt stigmatiséieren an ënner de Generalverdacht stellen an der organiséierter Kriminalitéit aktiv ze sinn.

Ech si schockéiert iwwert esou Äusserunge vum Minister, deen zu mengem Bedaueren och nach vu verschiddenen Deputéierten Zoustëmmung krut. D‘Kriminalitéit huet keng Hautfaarf an ech sinn als Pirat der Iwwerzeegung, dass de Staat Minoritéiten ze schützen huet – virun allem wann se ënnert gesellschaftlecher Diskriminéierung leiden.

Grad esou schlëmm fannen ech et dann, dass op der Website vum CHD fir d‘Zesummefaassung vun der besotener Kommissiounssëtzung eng Foto gewielt gouf, wou am Zentrum eng donkelhäiteg Persoun nieft e puer Policebeamte steet. Ech fannen dat kommunikatiounstechnesch vun der Chamber extrem bedenklech, well mat dësem Bild kee neutrale Message iwwert d’Kriminalitéit ronderëm d’stater Gare kommunizéiert gëtt. Des Weidere gouf iwwert meng Awänn aus der Kommissioun natierlech kee Wuert am publizéierte Resumé verluer, soudass den Androck entsteet, sämtlech Kommissiounsmembere wäre mat deem, wat do geschriwwe steet, d’Accord. Ech sinn, Här President, awer guer net d’Accord mat dësem Bäitrag op der Chamberssäit an ech wëll och net, dass mäin Numm als Member vun der Kommissioun mat den Aussoen aus dësem a Verbindung bruecht gëtt.

Vun de Regierungsvertrieder a vun den Deputéierten erwaarden ech mir e méi differenzéierten Ëmgang mat dësem Thema an hoffen dass et an Zukunft net méi zu pauschaliséierenden Aussoe géint Minoritéiten an de Kommissioune kënnt. 

Ech bieden Iech dofir, Här President, dëse Bréif un de Minister Bausch souwéi de President vun der Kommissioun fir Bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden an och nach eng Kéier (als Suite vum Bréif vun der Oppositioun vum 5te Juli 2019) ee Rappell un d’Servicer vun der Chamber ze maachen, fir dass divergent Meenungen an de Communiquéë vun der Chamber méi berücksichtegt ginn.

Mat déiwem Respekt,
Marc Goergen

Zesummenhang posts

A menge parlamentaresche Froe n°3813 an 3927 hat ech op d’Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien,
Den 15ten Abrëll 2024 um 19 Auer zu Koplëscht am HQ an online.  Start : 19h00 ; Enn 21h00 Vun der Parteileedung ware präsent: Clement Sven