Rapporte fir e Führerschäin

An der parlamentaresche Fro n° 7494 hat ech mech iwwert psychiatresch Rapporte fir e Führerschäin ze kréie renseignéiert. An der Äntwert op meng Froen erkläert de Minister, dass een “Dokter aus der Commission médicale, am Kader vun engem Führerschäinsdossier, e rezente psychiatresche Rapport freet, deen am Detail attestéiert, dass et bei der betraffener Persoun keng medezinesch Conter-Indikatioune gëtt, fir mat engem motoriséierte Gefier op der Strooss kënnen ze fueren”.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat sinn dem Mobilitéitsministère hir Sourcen, fir esou Rapporte bei verschiddene Persounen ze froen?

  2. Op wat fir enger legaler Basis baséiert d’Virgoe vum Mobilitéitsministère?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7790

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt