Präsidiumsrapport vum 18te September 2019

Ofwiesend an excuséiert : Lucie Kunikova, Jo Wampach

Ufank: 12h00 Schluss 14h00

D’Spriecherin vun der Partei huet dës Sëtzung geleet.

Rapporter: Marc Goergen

Courrier / Aktuelles

Klarifikatiounen iwwert d’Prozeduren, wéi d’Post/de Courrier an der Partei organiséiert ass. De Courrier vun der ASBl gëtt vum Personal administréiert an dispatched. D’Marie-Paule wäert dem Personal vun der Piratepartei weiderhin mam Courrier ënnert d’Ärm gräifen.

Diskussiounen ëm den HQ zu Kopstal

D’Propose gëtt opgeworf fir den HQ zu Koplescht, dee ronn 2000€ de Mount kascht, opzeginn. Fir dee Präis kéint een en alternative Büro fannen, dee méi zentral geléen ass an nach besser un den ëffentlechen Transport ugebonnen ass – idealerweis an der Stad. Dës Propose trëfft bei alle Präsidiumsmembren op Zoustëmmung.

Et gëtt erkläert, dass d‘Partei ee Raum brauch, wou d’Memberen sech treffe kënnen. D’Argumenter fir den Erhalt vum HQ zu Kopstal sinn, dass Kopstal zentral leit, ee Stock fir d’Wahlmaterial huet an d’Ubannung un den ÖT relativ gutt ass.

Fir déi nächst Sëtzung soll de Präsidium Virschléi fir eng méiglech Alternativ maachen a soen wéi d’Parteiinfrastrukturen organiséiert solle ginn (zentral oder dezentral).

“Letz go gold”-Event Samschdes, den 28te September-Participéiren mer?

D’Spendenaktioun fënnt op der Kockelscheuer statt. Et ass eng Spendenaktioun fir kriibskrank Kanner. Départ 11h00, Course 5 km (Trëppelen)

De Marc soll d’Konditiounen vun dem Event nofroen. Falls d’Frais d’Inscription net ze héich sinn pro Persoun, wäert een deelhuelen.

Kongress Jonk Piraten

Ee Member kritiséiert, dass d’Jonk Piraten net immens aktiv sinn. Et gëtt proposéiert, dass si sollen ee Kongress fir November organiséieren, fir sech ze reorganiséieren. Dëse misst extraordinär sinn, well si dëst Joer schonns een haaten. De Koordinator schwätzt do mam Präsident vun de Jonke Piraten.

Ennerstëtzung fir 2 Jopis op Bréissel op de Youth Pirates Europe Kongress ze schécken (15-17 Oktober)

Decisioun, fir de Jonke Piraten e puer Suen virzestrecken, domat si op de Kongress fuere kennen. De Jopi-Präsident Christian Welter wäert mam Charles Muller d’Jopien dohannen representéieren.

Vott: unanime ugeholl. Kee Budget fixéiert.

Tribunes Libre op RTL vun 2min30, de 27te September 2019


Als Thema wëll hien iwwer Biergerbedeelegung schwätzen an de Gesetzesvirschlag, un dem hie grad aktiv matschafft.

Vott : unanime ugeholl

Proposition DE loi fir d’Laafzeit vun Contrat de Bail

D’Fraktioun huet ee Gesetzesvirschlag zu der Durée vum Contrat de Bail preparéiert. De Präsidium ass invitéiert ginn, säin Avis zu dësem Projet ofzeginn. Jidderee soll de Gesetzesvirschlag liesen a seng Punkten dozou abréngen.

Cour des comptes Bréif & Äntwert

D’Cour des Comptes haat an engem Mail virun der Summervakanz nach komplementär Piècen gefrot:

  • Grand-Livre
  • Copie des extraits bancaires au 31.12.2018
  • Copie du livre de caisse 2018
  • Relevé de tous les donateurs (sous format électronique) (y compris les donateurs au niveau des composantes)
  • Copie des contrats conclus en 2018
  • Comptes rendus de la situation financière 2018 des composantes de votre parti

Bei de Kontrakter misst nëmmen de Fournisseur Xerox betraff sinn.

All d’Dokumenter sinn disponibel a wäerten esou schnell wéi méiglech geschéckt ginn. De Sven wäert alle Bedeelegten een Excel-Sheet schécken, deen d‘Bezierker ausfëlle mussen. E muss vun 3 Memberen aus all Bezierk ennerschriwwe ginn. Alles wat 2018 mat Visa an SNET gemaach gouf, geet an den Excel. De Sven & Starsky & Daniel këmmeren sech drëm.

Rappel: all Bezierk kann een eegene Konto kréien, e muss et nëmmen ufroen. D’Partei insistéiert awer, dass all d‘Konten bei enger Bank gemaach ginn. D‘Bezierker däerfe net dovunner ofweichen.

Kongress PPLU 2019 oder 2020?

De Parteikongress wäert fir Fréijoer 2020 organiséiert ginn.

10 Joer Piraten

D’Piratepartei feiert 10 Joer. Dat soll gefiert ginn virum Enn vum Joer 2019. D’Fest soll op der Musel organiséiert ginn, am Beschten op engem Boot. Fir d’Musik soll eng Jugendband suergen.

Den Daniel kann kucken, fir ee Boot ze fannen, fir op der Musel (Réimech) eppes ze organiséieren.  Fir den Datum: am Beschten Freides owes. Dat Ganzt soll maximal 3000€ kaschten.

Vott, fir ee Budget vun 3000€ fir d’Fest „10 Joer Piraten“ ze organiséieren: unanime ugeholl

AG’en (Kommissiounen) fir Projets de Loi:  

D‘Membere sollen sech méi an d’Chambersaarbecht abanne kënnen.

Optimal wäre kleng AG’en zu Koplescht mat liischtem Catering (Café&Kuch), wou een 2 bis 3 Stonnen iwwer Gesetzer, parlamentaresch Froen oder Positiounen diskutéiere kann. Dëst opgedeelt iwwert dat ganzt Joer.

D‘Organisatioun sollt e bessen nom Chamber-Stil gemaach ginn mat engem Coordinateur fir d’Sëtzung. Falls gewënscht, kann d‘Fraktioun (Deputé oder Attaché) mat un der Sëtzung deelhuelen.

INAktivitéit Bezierk Norden

De Präsidium bemängelt, dass de Nordbezierk aktuell inaktiv ass a beschwätzt wéi de Bezierk erëm aktivéiert ka ginn.

D’Partei kann, falls sech naischt beweegt, ee Kongress fir den Norden usetzen, falls de leschte Kongress méi laang wéi 2 Joer hir ass.  Beim nächsten Afterwork am Norden soll d’Thema nach eng Kéier opgegraff ginn.  

Äntwert vum Präsidium op Breiwer vum Bezierk Zentrum

Anscheinend sinn d’Bréiwer vun der Sektioun Stad ni vum Präsidium beäntwert ginn. De Präsidium haat de Wuertlaut vun den Äntwerten op dës Bréiwer awer kloer um Schluss vun der Sëtzung vum 19te Mäerz 2019 dem Personal kloer matgedeelt. Vu, dass den deemolegen Ugestellten, dee responsabel fir d’Äntwert war, entlooss ginn ass, ass unzehuelen, dass hien d’Bréiwer ni verfaasst a fortgeschéckt huet. De Präsidium ass verwonnert. Gläichzäiteg enttäuscht doriwwer.

D’Spriecher wäerten sech dorëm këmmeren, dass d‘Äntwerten op Bréiwer vun der Sektioun Stad opgestallt a verschéckt ginn. D‘Spriecher sollen dofir mam Sekretariat vun der Fraktioun kucke fir d’Bréiwer an d’Äntwerten vum Präsidium erëmzefannen an ofzeschécken.

Remboursement vun den EU-Wahlen 2019

D’Lëscht, fir de Remboursement vun de Wahlen unzefroen, ass fäerdeg.

Fir d’nächst Wahlen ass et wichteg d’Leit alleguerten iwwert d’Basics vun der Comptabilitéit ze briefen. D’Prozeduren mussen méi kloer gemaach ginn.

Propose fir ee Communications officer anzestellen

D’Aufgaben vun dem Posten sollen enthalen:

  • Social Media vun der Partei organiséieren
  • Videos ophuelen, bearbeschten a publizéieren
  • Grafiken erstellen
  • Audio a Podcasts erstellen
  • Events organiséieren (zB Braderien, Summerfest, Aktiounen, asw.)
  • Responsabel fir d’Kommunikatioun vun der Partei am Ganzen.

Viraussetzunge fir de Posten

  • D‘Persoun sollt schon eng Aarbechtserfahrung an der Kommunikatioun hunn
  • Erfahrung mat Video-, Toun a Billerbearbeschtungsprogrammer
  • Erfahrung mat Social Media

Vott fir ee Communications Officer anzestellen: unanime ugeholl

Kampagne fir nei Memberen ze gewannen

Wäert sech am Kader vum Posten vum Communications Officer konkretiséieren anhand vun Events, asw.

Social Media Budget /pro Mount

Et gëtt proposéiert, dass och no de Wahlen d’Aktivitéit op Social Media weidergefuer gëtt mat engem Budget vun 1500€/Mount fir Social Media.

Vott: unanime d’accord

Suivi vun der Website (Privacy Note)

Eis Website ass aktuell net GDPR konform. An der leschter Sëtzung vum 10. Juli 2019 gouf dës Problematik schonns diskutéiert an et gouf ee Beschloss geholl (c.f. Auszug aus der Sëtzung)­:

„Virgoe betreffend enger Privacy Notice fir piraten.lu: kritt e Budget vu bis zu 1000 Euro fir iwwert Upwork een Informatiker ze fannen, deen 1) eng Rei Plugins vun der Websäit verännert oder se ganz erofhëlt 2) verhënnert, dass Cookies ouni Averständnis gespäichert ginn 3) eng Privacy Notice schreift. Aktuell huet d’Partei keen DPO. Bis zum nächste Präsidium muss e Kandidat fonnt ginn, deen dann vum Präsidium gewielt gëtt.“

Hien recommandeiert, dass d’Website entweder ganz nei opgesaat gëtt oder dass d‘Plugins deinstalléiert ginn. Als Partei fir den Dateschutz an och nom GDPR muss eise Sitt hei konform ginn. Mir brauchen eng Persoun, déi d’Website technesch suivéiert. De Gerald iwwerhëllt d’Aufgab eng Persoun ze sichen fir dat ze maachen. Bei Froen kann hien sech gären un d’Personal vun der Partei an der Fraktioun mellen, déi vill mam Sitt schaffen. Jiddereen, deen en Accès um Sitt huet, soll doriwwer eraus eng Formatioun kréien.

Transparenz: Verëffentlechung op eiser Website vun de Rapporten vun de Präsidiumssëtzungen, Bilanen, etc.

Vott: unanime ugeholl.

Mir sinn eng Partei fir Transparenz, dofir sollen d’Präsidiumsrapporten zukünfteg op der Website ze fanne sinn – dëst mat 3 Méint Verzögerung an ouni eventuell Inhalter aus dem Huis Clos.

NB: wéint Problemer mat engem Ex-Ugestallten, dee mettlerweil entlooss ginn ass, existéiere keng Rapporten vun der Zäit vum Dezember 2018 bis Juni 2019. Si goufen warscheinlech ni verfaasst oder geläscht. Duerch den Ofstuerz vum Server am Februar 2019 sinn och d’Rapporten am Wiki warscheinlech verluere gaangen.

  1. Aféieren vun engem Lobbyregëster fir d’Deputéiert & Spriecher (Online-Kalenner op der Website)

Vott : unanime ugeholl

D‘Julia Reda huet esou een Tool entwéckelt. Wann Events stattfannen, gëtt eng spezifesch Mailadress mat invitéiert (enner Berécksichtegung vun engem Format). Esou steet d’Visitt dann op engem ëffentleche Kalenner op der Website.

Des Weidere schwätzt de Präsidium sech och dofir aus, d’Kontobeweegungen anonymiséiert um Sitt unzeginn fir esou finanziell Transparenz ze schafen.

parteiAuto – Status?

D’Assurance vum Auto ass ugefrot, subal d‘Pabeieren do sinn kann een en umellen. Den Auto misst nach eng Keier an d’Revisioun fir e puer Reparaturen. De Gerald an de Starsky kemmeren sech dorëm. Si sollen een Dévis ufroen fir d’Reparatur an dësen am nächste Präsidium virléeën.

Food Truck

Den Daniel annoncéiert, dass hien bereet wär, de Foodtruck vun der Partei fir ee Montant vun 15.000€ ofzekafen (dat war och den Akafspräis vum Truck).

Vott: unanime ugehol

 (Den Daniel Frères gouf aus dësem Vott ausgeschloss)

D’Partei verkeeft dem Daniel de Foodtruck fir 15000€. D’Spriecher këmmeren sech ëm d’Redaktioun vum Verkafskontrakt.

Parteifinanzen

De Camille soll d‘Lucie bei de Parteifinanzen an Zukunft ënnerstëtzen an och d’Personal bei den administrativen Tâchen an der Partei encadréieren an uléieren.

Projekt Democracy

Am EU-Parlament existéiert eng Reegelung, déi beseet, dass Parteienzesummeschlëss ee gewësse Montant beim Parlament kennen ufroen. Dofir musse 7 Parteien aus 7 Länner eng Grupp stellen an d’Sue ginn dann vum EU-Parlament un d’europäesch Fraktioun verdeelt. Dee Fong gëtt dann un d’national Parteien pro nationalem Deputéierten opgedeelt. De Montant ass nach net bekannt, mee et handelt sech viraussichtlech ëm 100.000€ am Joer.

Vott: unanime ugeholl.

De Sven verfaasst an ënnerschreift d’Absichtserklärung, fir d’Suen aus dem EU-Fong kënnen unzefroen.

Nei Sektiounen am Osten

Den Daniel annoncéiert, dass folgend Sektiounen am Bezierk Osten gegrënnt gi sinn:

  • Munneref
  • Jonglënster
  • Réimech
  • Mertert/Wasserbëlleg
  • Gréivermaacher
  • Iechternach

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat