D’Action Solidarité Tiers Monde (ASTM) huet am Januar ee Rapport zu dem Respekt vu Mënscherechter op der Lëtzebuerger Finanzplaz publizéiert. An dësem Rapport ass d’ASTM drop agaangen, dass d’Finanzplaz éischt Fortschrëtter beim Thema Ëmweltschutz mëscht, mee d’Mënscherechter an deene seelenste Fäll eng Roll spillen, souwuehl bei de privaten Akteurenen souwéi och bei de staatlechen Institutiounen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Am Rapport geet d’ASTM op APERAM S.A. an, eng Ofsplitterung vun Arcelor Mittal mat Haaptsëtz zu Lëtzebuerg, un där de Staat 450’000 Aktien hält. Am November 2019 huet de Procureur général a Brasilien eng Procédure civile géint Aperam lancéiert, dëst well Gebitter a Brasilien duerch de Pestizid Aldrin verseucht goufen. Aperam gouf am Februar 2021 zu 235’000€ Schuedenersatz verurteelt a muss déi Betraffe Communautéiten iwwert d’Schied vum Aldrin opzeklären. D’Aperam ass dem Urteel laut ASTM bis haut net nokomm.
Huet de Lëtzebuerger Staat an deem Kader scho bei der Direktioun vun Aperam intervenéiert?
• Falls nee, wäert de Lëtzebuerger Staat hei als Aktionär bei Aperam intervenéieren, dass dem Urteel a Brasilien nokomm gëtt?
• Wann nee, firwat net?
2. Am Rapport gëtt d’ASTM och eng Réi Recommandatiounen, esou zum Beispill: “
• Increase efforts to raise awareness about the UNGP in the financial sector and help financial actors to align their practices with the UNGP.
• In the context of the National Action Plan 2020-2022 on Business and Human Rights, which foresees the implemen- tation of pilot projects on human rights due diligence in companies with majority state ownership, the government should support the Luxembourg Pension Fund on setting an example and incorporating human rights due diligence into its investment policy.”
Wéi reagéiert d’Regierung op dës Recommandatiounen? Wäerte konkret Schrëtt geholl ginn, fir de Fuerderunge vun der ASTM nozekommen?
QP Nummer 5771