ACCOUNT

Ransomware-Attacken

Am Fall vun enger Ransomware-Attack, ginn d’Daten op engem Gerät verschlësselt an et gëtt eng Noriicht un d’Affer geschéckt, an der eng gewëssen Zomm Sue verlaangt gëtt, als Echange fir erëm Accès op seng Daten ze kréien oder dës net ze verëffentlechen. D’Affer ginn also mat hire perséinlechen Daten erpresst.

Dës Aart vu Cyberattack gëtt ëmmer méi geleefeg. D’CISA, d’US Cybersecurity Agency, huet am Januar 2021 d’Campagne “Reduce the Risk of Ransomware Campaign” an d’Weeër geleet, fir besonnesch d’Firmen op dës Gefor opmierksam ze maachen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Fäll vu Ransomware-Attacke goufen an deene leschte 5 Joer zu Lëtzebuerg gemellt?

  2. Huet d’Regierung Donnéeën dozou, wéi vill Ransomware-Attacken an deenen leschte 5 Joer op EU-Niveau festgestallt goufen?

  3. Wat réit d’Lëtzebuerg Regierung Persounen, déi vun esou Attacke betraff sinn?

  4. An engem Artikel vum Sender Fox Detroit gëtt iwwert d’Méiglechkeet vun engem Ofsetze vun de Stéiere vum Schued, dee Privatpersounen oder Firme kann duerch esou eng Attack entstoen, geschwat. Den FBI warnt virun esou enger Steierpolitik, well d’Täter doduerch éischter vun den Affer bezuelt ginn, an esou geneigt sinn, nach méi Attacken ze starten.

Gouf et zu Lëtzebuerg scho Fäll, bei deenen de Schued, deen duerch eng Ransomware-Attack entstaan ass, vun de Stéieren ofgesat gouf? Falls nee, wéi steet de Minister zou esou enger Steiererliichterung? Wier dës zu Lëtzebuerg méiglech?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4535

Zesummenhang posts

An der Äntwert op eng virrecht parlamentaresch Fro (n°7226) huet den Aarbechtsminister erkläert, dass Persounen an enger Aarbechtsmesure bei der ADEM (OTI, CAE, CIE,
Es heißt nicht umsonst, dass Gewalt viele Gesichter hat, denn es gibt unterschiedliche Arten von Gewalt und unterschiedliche Opfer von Gewalt, auch in Beziehungen.