Schlecht Qualitéit vum medezinesche Cannabis?

Mir sinn Informatiounen zougedroen ginn vu Patienten vu medezineschem Cannabis, déi nom leschten Fournisseurswiessel Problemer bei der Qualitéit vun de Bléien feststellen. D’Patienten bekloen ënnert anerem Bléien, wou d’Wierkung ofgeschwächt ass an déi vum Goût hier onangenehm sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Krut de Gesondheetsministère schonn zougedroen, dass Problemer bei der Qualitéit vum medezinesche Cannabis sinn? Wa jo, wéi huet de Ministère drop reagéiert?

  2. Wäert de Ministère Konsequenzen zéien a beim Fournisseur intervenéiere respektiv de Fournisseur wiesselen?

  3. De Problem vun der Ofhängegkeet vun engem Fournisseur hunn ech schonn a fréiere Froen thematiséiert, well am Fall wou ee Problem wier, et laang dauert fir een Ersatz ze fannen. Wëll de Ministère an Zukunft op eng Villzuel u Fournisseure setzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 12

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt