Publikatioun vun den Avise vun den Organes consultatifs

Context:Projet 7666 Budget

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • dass d’Regierung an hirem Koalitiounsaccord festgehalen huet, dass: “De plus, le contenu des sites officiels des administrations publiques sera rendu accessible à tous les citoyens, en le présentant notamment en plusieurs langues, ainsi qu’en langage facile. Les services en ligne des différentes administrations seront conçus de manière à être compréhensibles et faciles à utiliser pour tous les citoyens” an an dësem Sënn och de Site budget.public.lu opgestallt huet;
  • dass d’Organes consultatifs des pouvoirs publics zu all Budget een Avis ofginn an dësen ënnert anerem un d’Chambre des Députés schécken;
  • dass och aner Organer an Organisatiounen ewéi zum Beispill d’Lëtzebuergesch Zentralbank een Avis zum Budget kënnen ofginn;
  • dass dës Avisen ee wichtegt Instrument sinn, fir d’Deputéiert esou gutt ewéi méiglech iwwert all d’Aspekter vum Budget z’informéieren;
  • dass dës Avisen och kënnen den intresséierte Bierger, deen de Budget op verständlech Aart a Weis op budget.public.lu presentéiert kritt, iwwert all dës Aspekter informéieren.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. d’Avise vun de verschidden Organer, déi um Site vun der Chambre des Députés publizéiert ginn, och um Site budget.public.lu vum Finanzministère ze verëffentlechen.

D’Motioun gouf eestëmmeg ugeholl.

De 5.02 gouf ee Bréif un d’Chamber geschéckt, well d’Motioun nach net ëmgesat gouf.

Bild: Site budget.public ( https://budget.public.lu/dam-assets/lb/budget2021/links-dokumenter/PB2021-version-web.pdf )

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene