Public Health Passenger Locator Form

Säit dem 29te Mee 2020 fléien no bal 2 Méint Paus erëm Fligere vum Findel fort. D’Reouverture vum Findel gëtt ënnert strengen Hygiènesmesuren organiséiert. Et ginn COVID-19-Tester direkt beim Fluchhafen ugebueden an donieft ginn d’Passagéier op Fluchreese gebieden een Public Health Passenger Locator Form auszefëllen, wou eng Rei vu perséinlechen Donnéeën erfaasst ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat ass d’Base légale vun dësem Formulaire?

  2. Am Fall vun engem positiven Test bei engem Passagéier, wat ass d’Prozedur, déi suivéiert gëtt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2343

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt