Psychiatreschen Rapport fir de Führerschäin

Mir gouf ee Fall zougedroen, wou eng Persoun d’Transkriptioun vun engem auslännesche Führerschäin an e Lëtzebuergesche Führerschäin ugefrot huet. An engem Bréif gouf déi betraffe Persoun opgefuerdert, fir innerhalb vu 4 Wochen ee rezente psychiatresche Rapport eranzeschécken, deen am Detail attestéiert, dass et bei der betraffener Persoun keng medezinesch Conter-Indicatiounen, fir d’Fuere vun engem motoriséierte Gefier gëtt. Sollt déi betraffe Persoun där Opfuerderung net nokommen, géif hir Demande ofgeleent ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Virum Hannergrond vun engem grousse Mangel un Dokteren am Beräich vun der Psychiatrie, wéi kann e Ministère vun enger Persoun innerhalb vu 4 Woche e rezente psychiatresche Rapport fuerderen, wëssend, dass et laang Waardezäite fir e Rendezvous bei engem Psychiater gëtt?

  2. Sollten dës kuerz Delaie gesetzlech virgeschriwwe sinn, firwat goufen dës Delaien nach net ëmgeännert, fir se un déi aktuell ganz problematesch Situatioun bei verschidden Dokteren unzepassen?

  3. Sollten dës kuerz Delaie gesetzlech virgeschriwwe sinn, gedenkt de Minister dës Delaien un déi aktuell ganz problematesch Situatioun bei verschidden Dokteren unzepassen?
    • Wa jo, wéini?
    • Wa nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7494

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Aktuell lafen d’Aarbechten un engem nationalen Inventaire vum Patrimoine. Well dëse Projet nach net ofgeschloss ass, si vill
D’Piraten hunn den 29te Mäerz eng vun den éischte Kandidatelëschten ofginn, dat an der Gemeng Péiteng. Den Marc Goergen, als amtéierenden Deputéierten a Gemengeconseiller,