Protokoller fir Vëlosfuerer

Lëtzebuerg gëtt am Ausland als Vëlosnatioun ugesinn, wann ee sech den Historique vun den ville Coureuren ukuckt, déi eis d’Land op international bekannte Course representéiert hunn. Dëse Ruff spigelt sech awer net an der besteeënd Infrastruktur duer, déi een a ville Stied awer och am ländleche Raum vergeblech sicht. Mat der waarmer Joreszäit heeft sech d’Unzuel vun de Leit, déi op hire Vëlo zeréckgräifen. Op eng villfälteg Aart a Weis ass et méiglech, de Vëlo a säin Alldag mat anzebannen: fir akafen ze goen, fir moies op d’Aarbecht ze fueren oder fir Weekends en Tour fueren ze goen.  Leit déi mam Vëlo ënnerwee sinn, musse sech natierlech och un d’Reegelen an de Code de la Route halen. Feelen allerdéngs déi néideg Infrastrukturen, geroden Auto- a Vëlosfuerer vermehrt op de Stroosse a Konfliktsituatiounen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Protokoller goufen an de leschte 6 Méint géint Autos-, Camions-, oder Motosfuerer gestallt, déi den 1,5m Ofstand beim Iwwerhuelen vu Vëlosfuerer net agehalen hunn? Bei wéi vill Euro lungen dës Protokoller duerchschnëttlech?

  2. Wéi vill Protokoller goufen an de leschte 6 Méint géint Vëlosfuerer ausgestallt? Wéinst wéi enge Grënn goufen dës Protokoller ausgestallt? (opgelëscht no Unzuel vu Protokoller) Bei wéi vill Euro lungen dës Protokoller duerchschnëttlech?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6200

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene