A menger parlamentarescher Fro n°6200 hunn ech mech iwwert d’Unzuel vun de Protokoller, déi u Vëlosfuerer an un Automobilisten ausgestallt goufen, renseignéiert. Wéi den Här Minister a senger Äntwert schreift, goufen an de leschte 6 Méint u 47 Vëlosfuerer gebührepflichteg Verwarnunge wéinst Verstéiss géint de Code de la Route ausgestallt. Verstéiss géint den Artikel 125.08 vum Code de la Route, also d’Net-Anhale vum Mindestofstand vun 1,5 Meter beim Iwwerhuele vu Vëlosfuerer, konnt d’Police an deene leschten 6 Méint net feststellen. Allerdéngs stellen Infraktioune vum Artikel 125.08 fir vill Vëlosfuerer eng akut Geforequell duer, déi dagdeeglech z’observéieren ass. Divers Grënn, wéi zum Beispill feelend Infrastrukturen, déi d’Vëlosweeër kloer vun de Stroossen trennen, féieren dozou, dass Vëlosfuerer an Automobiliste sech dacks méi no kommen, wéi si et gären hätten.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ass de Minister der Meenung, dass d’Donkelziffer un Infraktiounen géint den Artikel 125.08, déi net vun der Police observéiert an dofir net protokolléiert ginn, héich ass?
-
Wéi vill Infraktioune vum Artikel 125.08 goufe säit senger Aféierung duerch d’groussherzoglecht Reglement vum 8ten Abrëll 2018 konstatéiert?
-
Ob wat fir Methode gräift d’Police zeréck, fir Infraktioune vum Artikel 125.08 vum Code de la Route ze kontrolléieren?
-
Wéi vill Policekontrolle hu säit der Aféierung vum Artikel 125.08 stattfonnt, fir Infraktioune géint dësen Artikel ze kontrolléieren?
QP Nummer 6263