Protokoller fir Automobilisten

Mat der parlamentarescher Fro n°6200 wollt ech mech iwwert d’Unzuel vun de Protokoller renseignéieren, déi an de leschte 6 Méint u Vëlosfuerer ausgestallt goufen. Gläichzäiteg wollt ech mech och doriwwer renseignéieren, wéi vill Automobiliste géint den Artikel 125.08 (<1,5m beim Iwwerhuele vu Vëloen) vum Code de la Route verstouss hunn. Goufen an där Zäit 47 gebühreplichteg Verwarnungen u Vëlosfuerer ausgestallt, sou gouf am nämmlechten Zäitraum keen eenzegen Automobilist wéinst enger Infraktioun vum genannten Artikel penaliséiert. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Protokoller goufen an de leschte 6 Méint un Automobilisten ausgestallt, well se fir eng Infraktioun vis-à-vis vun engem Vëlosfuerer verantwortlech waren? • Wei vill Protokoller goufen an de leschte 6 Meint insgesamt un Automobilisten ausgestallt?

  2. Em wéi eng Infraktiounen huet et sech dobäi gehandelt? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 23718

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll