Protektioun vun de Grondrechter vun der Privatsphär an dem Dateschutz

Context:E Verschlësselungsverbuet fir Enn-zu-Enn verschlësselt Messenger

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • dass d’Charta vun de Grondrechter vun der europäescher Unioun de Respekt vum Privat- a Familljeliewen an de Schutz vu persounebezunnen Date mat den Artikele 7 an 8 festschreift;
  • dass d’Recht op Privatsphär zu Lëtzebuerg am Gesetz vum 11 August 1982 concernant la protection de la vie privée verankert ass;
  • dass Lëtzebuerg mat enger ganzer Rei Texter d’Recht op Dateschutz festhalen huet, dorënner d’Gesetz vum 1. August 2018 portant organisation de la Commission nationale pour la protection des données et du régime général sur la protection des données, d’Gesetz vum 1. August 2018 relative à la protection des personnes physiques à l’égard du traitement des données à caractère personnel en matière pénale ainsi qu’en matière de sécurité nationale, d’Gesetz vum 1. August 2018 relative au traitement des données des dossiers passagers an d’Gesetz 30. Mai 2005 concernant la protection de la vie privée dans le secteur des communications électroniques;
  • dass den EU-Ministerrot den 9. November en Entworf fir eng Resolutioun ausgeschafft huet, déi e Verschlësselungsverbuet fir Enn-zu-Enn-verschlësselt Messengerdéngschter virgesäit;
  • dass eng Ëmsetzung vun der genannter Resolutioun engem Ënnergruewe vun de Grondrechter op Privatsphär an Dateschutz entsprieche géif;
  • dass eng Ëmsetzung vun der genannter Resolutioun mat erhiefleche Risike fir d’Sécherheet vun eiser gesamter verschlësselter Online-Kommunikatioun verbonnen ass.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. dem Entworf vun der Resolutioun mam Titel “Security through encryption and security despite encryption” op europäeschem Niveau net zouzestëmmen;
  2. sech op europäeschem Niveau, fir de Respekt vun de Rechter op Privatsphär an Dateschutz staark ze maachen;
  3. a sech och an Zukunft géint all Projet ze stellen, deen envisagéiert d’Rechter op Privatsphär an Dateschutz opzeweechen duerch e Verbuet oder eng Aschränkung vu verschlësselter Online-Kommunikatioun.

D’Motion huet keng Majoritéit an der Chamber fonnt.

Motion:  Refus du projet de résolution “Security through encryption and security despite encryption”

 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene