Protektioun vu seltene Bicher

Mat verschiddenen Ausgabe vu seltene Bicher kann ee vill Sue maachen. An Auktiounshaiser an och um Schwaarzmaart gi vir bestëmmten Éischtausgabe ganz héich Montante bezuelt an dat zitt natierlech och d’Kriminalitéit un. Am Ausland sinn an de leschte Méint eng ganz Rei vu Fäll bekannt ginn, wou wäertvoll Bicher aus Bibliothéike geklaut an duerch Replicken ersat goufen. Wéi et schéngt soll et sech em eng Grupp handelen, déi sech als Fuerscherteam ausgëtt, fir an den europäesche Bibliothéike gezielt russesch Literatur aus dem 19. Joerhonnert ze klauen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gëtt den historeschen Inventaire an de lëtzebuerger Bibliothéike protegéiert?

  2. Goufen déi concernéiert Acteuren an de lëtzebuerger Bibliothéiken am Kader vun den aktuellen Déifställ an Europa sensibiliséiert?

 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt