Den LCGB huet matgedeelt, datt d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten astellt an ee Repreneur sicht. D’Firma schafft fir eng Villzuel u staatleche Verwaltungen, parastaatlechen Entreprisen a Spideeler zu Lëtzebuerg. Dës Nouvelle kënnt iwwerraschend, well nach den 1te Februar de Kontrakt mat den CFL erneiert gouf.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Kann d’Ministesch Detailer zum neie Kontrakt virleeën, deen d’CFL mat der Firma Protection Unit ënnerschriwwen huet? Wéi eng Servicer gi genotzt, wéi vill bezilt d’CFL dofir a wéi laang geet de Kontrakt?
-
Gouf et eng ëffentlech Ausschreiwung, bevir d’Kontraktverlängerung ënnerschriwwe gouf? Falls jo, ënnert wéi enge Referenznummer? Falls nee, firwat net?
-
Wossten déi Verantwortlech vun den CFL beim Ënnerschreiwe vun der Kontraktverlängerung iwwert d’Pläng vu Protection Unit Bescheed, fir e puer Deeg drop beim Geriicht eng procédure de réorganisation unzefroen?
-
Huet d’CFL virun der Vertragsverlängerung séchergestallt, dass d’Firma finanziell stabill ass? Falls nee, wäert dëst an Zukunft virum Ënnerschreiwe vun esou Kontrakter gemaach ginn?
-
Wien iwwerhëllt elo di Missiounen vu Protection Unit a garantéiert d’Sécherheet bei den CFL?
-
Wäert déi aktuell Situatioun d’Sécherheetslag bei den CFL beanträchtegen?
-
Wéi wäerten d’Aarbechtsplazen vun de Salariéeën bei Protection Unit, déi bei den CFL affektéiert sinn, geséchert ginn?
QP Nummer 1906