Proposition de loi zur Heescherei

Den 1te Februar huet de Marc Goergen fir d’PIRATEN eng Gesetzespropos deposéiert, fir endlech fir Kloerheet bei der Heescherei ze suergen. D’Vertrieder vun der Justiz soten op verschiddene Plattformen, dass et fir si kee Verbuet vum Heesche gëtt (all Zort vun Heeschen – och déi Leit, wou aleng a roueg mam Becher do setzen). D’Regierung behaapt et kéint een d’Heeschen awer verbidden.

D’Chamber soll ee fir allemol hei Kloerheet schafen, an sech zum Heescheverbuet positionéieren!

Mir PIRATEN si géint aggressiivt oder organiséiert Heescherei, mee mir wëllen net, dass déi aarm Leit bestrooft ginn, déi alleng mat hirem Becher um Buedem setzen. Dës Leit bedränge keen an si brauchen d’Geld fir z’iwwerliewen. Et soll een d’Aarmut bekämpfen an net déi Aarm!

Eis Gesetzespropos:

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene