Proposéiert Alternativen un d’Bewunner vum Foyer Don Bosco

Den 27ten November war de Familljeminister Max Hahn Invité vun der Redaktioun um RTL. An dësem Interview huet de Minister gesot, dass verschiddene Persounen, déi aktuell am Foyer Don Bosco ënnerbruecht sinn, Alternativen ugebuede gi wieren, déi dës Persounen awer ofgeleent hätten.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ëm wat fir eng Aart vun Ënnerbréngungen handelt et sech bei de proposéierten Alternativen, déi de betraffene Persounen ugebuede goufen?

  2. Wéi ville Persoune goufen dës Alternativen ugebueden?

  3. Wat sinn d’Grënn dofir, dass déi betraffe Persounen déi proposéiert Alternativen ofgeleent hunn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 48

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt