Proposë vum Klimabiergerrot

De 17ten Abrëll 2023 huet d’Regierung op enger Pressekonferenz den aktualiséierten Energie- a Klimaplang fir Lëtzebuerg (PNEC) virgestallt. Hei gouf gesot, datt d’Aarbecht vum Klimabiergerrot och an déi nei Propose vum PNEC mat agefloss wier.
Laut engem Artikel vum 2te Mee vu Reporter.lu huet de Staatsminister eng Tabell ugeluecht, an där detailléiert gëtt, wéi mat de Virschléi vum Klimabiergerrot ëmgaange gouf.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Plangt de Staatsministère dës Tabell ze verëffentlechen? Wann net, wisou net?
  2. Hunn d’Membere vum Klimabiergerrot Accès zu dëser Analys fir hier Kommentaren dozou kënnen ze verëffentlechen? Wann net, wisou net?
  3. Plangt de Ministère eng weider Kommunikatioun vun dëser Analyse?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7949

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt