Propose fir d’Schafung vun enger supranationaler Bank fir gemeinsam Waffekeef

Laut engem rezenten Artikel vum POLITICO huet sech eng brittesch Delegatioun mat Vertrieder vun europäesche Länner, dorënner Schweden, Dänemark, Finnland, Polen an Holland, zu Bréissel getraff fir iwwert d’Schafung vun enger supranationaler Bank fir gemeinsam Waffekeef ze diskutéieren. Dës Initiativ géif et erlaben, d’Käschte vu Militärequipement net direkt an den nationale Budgeten ze verbuchen an sech doduerch fiskalesch Virdeeler ze verschafen. De Plang steet a Konkurrenz zu engem 150-Milliarden-Euro Prêt-Pak vun der Europäescher Kommissioun, bei deem Groussbritannien net mat abezunn ass.
D’Wirtschaftlech Erausfuerderunge, fir d’Verdeedegungsausgaben ze finanzéieren, ass och fir Lëtzebuerg eng wichteg Fro, zemools wann een d’NATO-Ziler vun 2% betruecht. D’Roll vun eisem Land an där proposéierter internationaler Finanzinstitutioun, souwéi eis Positioun vis-à-vis vun alternative Finanzéierungsmodeller fir d’Verdeedegung sinn dofir vun ëffentlechem Interessi. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. War Lëtzebuerg informéiert iwwert dëst geheimt Treffen zu Bréissel tëscht Groussbritannien an aneren europäesche Länner bezüglech der Schafung vun enger supranationaler Bank fir gemeinsam Waffekeef?

  2. Huet Lëtzebuerg un dësem Treffen deelgeholl oder war Lëtzebuerg invitéiert fir drun deelzehuelen?

  3. Wéi steet d’Lëtzebuerger Regierung zu dem brittesche Virschlag fir eng supranational Bank ze schafen déi d’Verdeedegungskäschten aus den nationale Budgeten eraus hält? Wat fir en Impakt hätt esou e Projet op d’NATO-Ziler?

  4. Wäert Lëtzebuerg sech un den Diskussioune bedeelege, déi fir e Samschdeg zu Warschau tëscht den EU-Finanzministere geplangt sinn, wou och de polneschen Alternativvirschlag vum Bruegel Think-Tank presentéiert soll ginn?

  5. Wéi steet Lëtzebuerg zum Virschlag vun der Europäescher Kommissioun fir en 150-Milliarden-Euro Prêt-Pak fir gemeinsam Verdeedegungsuschafungen ze kreéieren?

  6. Gesäit d’Regierung Virdeeler doran, d’Verdeedegungsausgaben aus dem Budget erauszehalen duerch eng extern Finanzinstitutioun, an ass dat kompatibel mat eisen europäesche Verflichtunge bezüglech Budget-Transparenz an dem Stabilitéitspakt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2193

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen