Rezent Rapporten deiten drop hin, dass déi dänesch EU-Presidence eng nei, bedeitend méi intrusiv Versioun vun der sougenannter ChatControl-Propose fir de Kampf géint de sexuelle Mëssbrauch vu Kanner am Internet (CSAM) virgestallt huet. Dës nei Propose geet Rapporten no nach méi wäit wéi fréier Versiounen, andeems se obligatoresch Masse-Scanne vu private Kommunikatioune verlaangt a Client-Side Scanning a privat Messengerapplicatiounen forcéiert, wat effektiv d’sécher Verschlësselung brécht. Am Géigesaz zu fréiere Versioune géif dës Propose verlaangen, mat enger experimenteller KI-Technologie net nëmmen no bekanntem illegale Material ze scannen, mee och no “onbekanntem” Material, wat Privatfirmen zu Police a Riichter gläichzäiteg géif maachen. No de Quelle géif dës nei Versioun Ausname fir Regierungs- a Militärkonten schafen, wärend all aner Bierger enger obligatorescher Iwwerwaachung ënnerworf solle ginn. Iwwert d’Propos soll eisem Wëssen no de 14. Oktober 2025 ofgestëmmt ginn, woubäi Regierungen hir Positioune bis den 12. September finaliséiere sollen. Andeems Lëtzebuerg scho virdrun eng Positioun géint eng generell Iwwerwaachung ageholl huet an d’Regierung sech engagéiert huet fir Grondrechter ze schütze, wärend se och de Kampf géint Kannermëssbrauch ënnerstëtzt, ass et kruzial ze verstoe, wéi Lëtzebuerg op dës lescht Entwécklungen äntwere wäert.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi bewäert d’Regierung déi nei dänesch Propose vum ChatControl, déi de 14. Oktober 2025 soll ofgestëmmt ginn?
-
Ass d’Regierung der Meenung, dass d’obligatoresch Masse-Scanne vu private Kommunikatiounen, wéi et an der neier Propose virgesinn ass, mat de Grondrechter vun der EU-Charta vereinbar ass?
-
Wéi steet d’Regierung zu der proposéierter Client-Side Scanning Technologie, déi d’Verschlësselung vu private Messengerdéngschter géif ënnerwanderen?
-
Wéi bewäert d’Regierung d’Tatsaach, dass déi nei Propos d’Scanne vun “onbekanntem” Material mat experimenteller KI virgesäit, a wéi eng Risike gesäit d’Regierung dobäi?
-
Wat hält d’Regierung vun der proposéierter Ausnam fir Regierungs- a Militärkonten, wärend all aner Bierger der obligatorescher Iwwerwaachung ënnerworf solle ginn?
-
Wéi eng Positioun wäert Lëtzebuerg op der kritescher Reunioun vum 12. September 2025 anhuelen, wou d’Regierungen hir final Positioune sollen definéieren?
-
Plangt d’Regierung zesumme mat aneren EU-Memberstaate géint dës extrem Propose virzegoen?
-
Wéi kann d’Regierung garantéieren, dass Lëtzebuerg seng Positioun géint eng generell Iwwerwaachung behält, esou wéi et schonn a fréieren Äntwerten op parlamentaresch Froen ugi gouf?
QP Nummer 2764