National Schlichtungsstell fir de Logement

Ënnert de viregte Regierungen ass d’Situatioun um Wunnmarché fir vill Leit hei am Land méi schlecht ginn. An och ënnert dëser Koalitioun gouf d’Verspriechen “Méi a méi séier bauen” nach net ëmgesat, op jidde Fall net um Terrain. 

Einfach Leit, déi hier Wunneng verlounen, droe vill Risiken, well se héich Prêten an Zënse fir hir Wunneng musse bezuelen. Den Observatoire de l’habitat hat dozou an der Logementskommissioun vum 25te September Zuehle präsentéiert. 

A fréiere parlamentaresche Froen (zum Beispill 161 an 1006) hat ech schonn drop opmierksam gemaach, dass virun allem d’Prozeduren ëm d’Mietrecht net gutt funktionéieren an ze lues sinn. Dëst bremst dann och de privaten Invest an de Bau vun neie Wunnengen, well d’Stéit de Risiko net kënnen a wëllen droen, fir ze verlounen. Verschidde Besëtzer loossen hir Wunneng och léiwer eidel stoen, ewéi se ze verlounen.

Soulaang de Staat net agräift, bleiwe vill Locatairen a Proprietairen an hirer Misär sëtzen, well si sech net géint abusiv Praxissen kënne wieren. Wéi zum Beispill, dass de Mietdeckel vu ville Proprietairen net agehale gëtt an dëst net ka kontrolléiert ginn. (Äntwerte vum Wunnengsbauminister op meng QPen: “Dëse Plafond muss vum Vermieter zu all Moment respektéiert ginn. […] Déi aktuell Formel fir de Loyersdeckel ze rechnen ass ze vill komplex, fir kënnen iwwer den administrative Wee oder iwwer eng Enquête festzestelle wéi vill Loyeren dësen Deckel net respektéieren.”). Oder, dass vill Proprietairen op hire Käschte sëtze bleiwen, wann Immobilië vu Locataire beschiedegt ginn oder Loyeren net bezuelt ginn.

An der leschter Logementskommissioun huet de Logementsminister a Fro gestallt, ob déi kommunal Loyerskommissiounen richteg opgestallt sinn, fir d’Konflikter tëschent Proprietairen a Locatairen ze léisen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Moossnahmen existéieren, fir Proprietairen besser a méi schnell géint net bezuelte Loyeren a Vandalismus ze schützen? 

  2. Wéi eng Moossnahmen wäert d’Regierung aféieren, fir dass virun allem kleng Proprietairen manner de Risiken vun Zahlungsausfäll exposéiert sinn an hir Wunnengen verlouhnen?

  3. Wäert d’Regierung den aktuelle System vun de kommunale Loyerskommissiounen ofänneren an op de Wee goen, fir eng permanent national Loyerskommissioun als Schlichtungsstell anzeféieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2969

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene